ACCOUNT

Mënscherechtssituatioun vu Flüchtlingen a Griicheland

An engem Artikel an der New York Times vum 14ten August 2020 ass vun enger immens repressiver Approche vun der griichescher Flüchtlingspolitik ze liesen. Zeieberichter no goufen an de leschte Méint eng dausende Flüchtlinge vun de griicheschen Uerdnungskräften aus dem Land Richtung Tierkei zeréckbruecht an dat deelweis op oppenem Mier an iwwerfëlltene Booter. Schonn den… Continue reading Mënscherechtssituatioun vu Flüchtlingen a Griicheland

Mënscherechtsverletzungen vun Inhaftéierten am Bahrain

Two Hands got Chained with Padlock on Bars Prisoner

A wéinegen Deeg stinn zu Lëtzebuerg erëm d’Chrëschtdeeg virun der Dier. An Europa an Nordamerika ginn dës Feierdeeg traditionell genotzt, fir Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen. Well politesch Uléien an dëser Zäit tendenziell aus dem gesellschaftleche Fokus réckelen an och d’Politiker selwer sech wärend dësen Deeg op hiert Familljeliewe konzentréieren, ginn dës Feierdeeg… Continue reading Mënscherechtsverletzungen vun Inhaftéierten am Bahrain

Huet den Aarbechts- a Sportminister seng Kompetenzen iwwerschratt?

No den Attacken op zwee Tanker am Golf vum Oman, huet den Här Aarbechts- a Sportsminister Dan Kersch Stellung op de soziale Medie geholl an duergestallt, dass hien net mat Krichshandlunge géint den Iran averstane wär. Hei schreift hien, dass hien sech vu Lëtzebuerg erwaart, am Fall vun engem Krichsszenerio ënnert kenger Form an dësem… Continue reading Huet den Aarbechts- a Sportminister seng Kompetenzen iwwerschratt?