ACCOUNT

Pistenerneierung um Findel

A senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1273 vum éischten Oktober 2019 hat de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten geäntwert, datt d’Pistenerneierung um Findel fir d’Fréijoer 2021 virgesi wär a ronn zwee Joer dauere wäerten.  Iwwert déi zwee Joer wäert all Nuecht am Fréijoer bis an den Hierscht eran tëschent 23h00 a 6h00 d’Landepiste um… Continue reading Pistenerneierung um Findel

Präventioun vum Coronavirus um Findel

Säit dem 29te Mee 2020 fléien no bal 2 Méint Paus erëm Fligere vum Findel fort. De Mobilitéitsministere hat den 30te Mee 2020 annoncéiert, datt all Passagéier, deen an engem Fluch um Findel ukënnt, ee Bong kritt, fir sech gratis op de Covid-19 testen ze loossen. Zanterdeem gi Covid-19-Tester direkt um Findel ugebueden an donieft… Continue reading Präventioun vum Coronavirus um Findel

COVID-19-Tester um Findel

De Mobilitéitsministere hat den 30te Mee 2020 annoncéiert, datt all Passagéier, deen an engem Fluch um Findel ukënnt, ee Bong kritt, fir sech gratis op de COVID-19 testen ze loossen.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Passagéier hunn de Bong ugeholl an ageléist? Goufe schonns Passagéier positiv op de… Continue reading COVID-19-Tester um Findel

Low Noise Augmentation System

blue tone jet engine blades closeup

Wéi d’Website airliners.de mellt, gëtt zu Frankfurt aktuell ee Fuerschungsprojet duerchgefouert, deen als Zil huet, de Kaméidi an den Dreifstoffverbrauch vu Fligeren ze reduzéieren. De sougenannten “Low Noise Augmentation System”,  ofgekierzt “LNAS”, reguléiert den Undriff vum Fliger duerch een exakt Virplange vum Of-an Ufluch ënner Matabezéie vu verschiddene Variabelen, wéi zum Beispill Wand– a Wiederconditioun. Doduerch… Continue reading Low Noise Augmentation System

Nofro zur Besteierung vu Fluchhafenaktivitéiten

Hot air from jet engine against airplane taxiing to airport runway.

Op eis Fro, ob d’Regierung Wëlles huet Kerosin ze besteieren, krute mir nawell e puer Äntwerten. Mir wollten awer nach weider Detailer zu der Regierung hirer Strategie fir de Findel kréien. Hei ass eis Nofro. Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir… Continue reading Nofro zur Besteierung vu Fluchhafenaktivitéiten

Nofro: Parkingsfraisen um Findel

White commercial airplane standing on the airport runway at sunset. Passenger airplane is taking off. Airplane concept 3D illustration.

Ween kennt dat net: Et fiert een pünktlech ob de Fluchhafen, fir een sichen ze goen, an stellt dann fest, dass de Fliger Verspéidung huet. Wann een sech dann ob een vun de Kuerzzäitparking gestallt huet, kann dat schnell deier ginn. Mir hunn beim Minister fir Mobilitéit nach eng Kéier nogefrot, ob et net Méiglech… Continue reading Nofro: Parkingsfraisen um Findel

Nofro op eis Question parlementaire iwwert de Findel

White commercial airplane standing on the airport runway at sunset. Passenger airplane is taking off. Airplane concept 3D illustration.

No engem laange Waarden hu mer misste feststellen, dass d’Äntwerten op eis parlamentaresch Fro n°615 zimlech kuerz ausgefall sinn. Dofir hu mir zu verschiddene Punkte vun der Fro nach eng Kéier nogehaakt hunn. Hei ass eis nei Fro: A menger parlamentarescher Fro n°615 hat ech den honorabele Minister Bausch iwwert den Incident vum 23. Februar 2019 um… Continue reading Nofro op eis Question parlementaire iwwert de Findel

Wann um Findel kee Fliger méi landt

De Freiden, 1. Februar 2019 konnten um Findel keng Fligere méi lande well et zu enger Pann mam Landesystem vum Fluchhafe koum. D’Pirate wollte vum Minister fir Mobilitéit wëssen, wat d’Grënn vun dëser Pann waren. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: Den 1. Februar koum et um Fluchhafe Findel zu enger gréisserer… Continue reading Wann um Findel kee Fliger méi landt