Bei verschiddenen Airlines sinn d’Konditiounen am Fall vun enger Modifikatioun oder Annulatioun vun Ticket net transparent. Mir hu bei der Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert ugeklappt fir si iwwert déi Lacunnen am Konsumenteschutz opmierksam ze maachen.
Hei ass d’Fro, déi mir gestallt hunn:
Här President,
Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministesch fir Konsumenteschutz weiderzeleeden.
Wann e Passagéier e Vol bucht, dann akzeptéiert en nieft de generelle Konditioune vun der Airline och implizit déi
méi spezifesch Konditioune vun der sougenannter “Fare Basis”. Dës Konditioune reglementéiere pro Segment vun engem kompletten Ticket déi genee Konditiounen, wéi zum Beispill Remboursementer, Annulatiounspenalitéiten a Restriktiounen.
Dës “Fare Basis” gesäit de Client op sengem “E-Ticket”, respektiv op sengem Pabeiersticket, nëmmen als alphanumeresche Code ouni awer de säitelaangen Text, deen derhannert, stécht ze kréien. Och sinn dës Texter net per Google-Sich ze fannen, mee kennen nëmmen iwwert e spezialiséierte Service consultéiert ginn.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:
- Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, datt et dem Konsumenteschutz entsprécht, wa Clientë beim Ofschloss vum Kontrakt net all d’Annexe vun engem Kontrakt virleien hunn?
- Am Fall wou op déi éischt Fro mat Nee geäntwert gëtt, ass d’Madamm Ministesch der Meenung, datt de Client misst zu all Zäit Accès zu allen Annexe vu sengem Kontrakt hunn?
- Op wéi enger legaler Basis kann eng Airline Fraise’e facturéieren, déi dem Client beim Ofschloss vum Kontrakt net ersiichtlech waren, well him d’Annexe vun der “Fare Basis” gefeelt hunn?
- Ass de Ministère der Meenung, datt beim Kaf vun engem Fluchticket dem Client all d’Konditioune fir Remboursementer, Annulatiounspenalitéiten a Restriktioune missten transparent kommunizéiert ginn?
Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député