ACCOUNT

“Zero Rating”: Onbegrenzten Datevolume fir just e puer Apps

Above view of young people sitting and lying on floor with internet activity tags and using modern portable devices, social media addiction concept

Verschidden Telekommunikatiounsubidder erméiglechen et hire Clienten Abonnementer ofzeschléissen, bei deene gewëssen Apps oder Websäite kenne benotzt ginn, ouni dass dës den Datevolume, deen engem pro Mount zu Verfügung steet, reduzéiere géifen. Souguer wann ee Client säin Datevolume ganz opgebraucht huet, kann ën des Apps a Websäiten nach weider benotzen, ouni dass zousätzlech Käschte géifen ufalen.… Continue reading “Zero Rating”: Onbegrenzten Datevolume fir just e puer Apps

FRO.LU: Wëll Reklammen an eng voll Bréifkëscht

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Am Gesetz vum 26ten Dezember 2012 ass festgeluecht, dass d’Léit kënne fräi decidéieren ob si Reklamme wëllen an hier Bréifkëscht kréien oder net. Dëst Verbuet gëtt awer ëmmer erëm ignoréiert a vill Léit déi u sech een “keng Reklamme w.e.g.”-Schëld hunn, fanne weiderhin all Dag Reklammen an hirer Boîte… Continue reading FRO.LU: Wëll Reklammen an eng voll Bréifkëscht

Kéint de Verkaf vun Eltrona zu engem Monopol féieren?

Amazing Landscape and Telecom Worker Climbing Antenna Tower with Harness and Tools

Wéi d’Plattform broadbandtvnews.com an engem Online-Artikel vum 25te Februar beriicht, wäert eng zu Lëtzebuerg féierend Firma am Telekommunikatiounsberäich (Eltrona) vun enger belscher Telekom-Grupp (Telenet) iwwerholl ginn. Dat Nennenswäert bei dëser Iwwernam ass, dass d’POST ugekënnegt huet, seng 34% Undeelsaktien vun der lëtzebuergescher Firma wäerten un de belsche Grupp ze verkafen. An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës… Continue reading Kéint de Verkaf vun Eltrona zu engem Monopol féieren?

Späre bei Handysabonnementer – firwat muss de Client dofir bezuelen?

Photo of serious young businessman sitting in home indoors. Looking aside using mobile phone.

Ee Client, deen zu Lëtzebuerg een Abonnement fir Telefon an Internet kafe wëll, huet de Choix tëschent verschiddenen Ubidder a verschiddene Flatraten, déi jeeweils verschidde Servicer beinhalen. Esou existéieren Abonnementer, bei deenen de Konsument kann illimitéiert uruffen, SMSe verschécken an am Internet surfen. Et ginn awer och Flatraten, bei deenen dës Servicer op ee fixe… Continue reading Späre bei Handysabonnementer – firwat muss de Client dofir bezuelen?

Wat geschitt mat den Touristen déi via Thomas Cook gebucht hunn?

Lëtzebuerg, den 23ten September 2019 Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un d’Ministesch fir Konsumenteschutz weiderzeleeden. De Moie gouf bekannt, dass Thomas Cook wäert de Betrib astellen, a soumat Weltwäit eng 600.000 Touristen op hier Vakanzendestinatioun fest setzen. Déi britesch Regierung huet… Continue reading Wat geschitt mat den Touristen déi via Thomas Cook gebucht hunn?

Le Grand Voyant

A gypsy fortune teller brings her crystal ball to life to read the future.

Reegelméisseg verdeele selwer ernannten “Grand Voyanten” oder Guruen kleng faarweg Käertercher an de Bréifkëschten zu Lëtzebuerg. Op dëse Käertercher versprieche dës Guruen eng grouss Unzuel vu Servicer fir verzweiwelte Mënschen mat hiren Alldagsproblemer ze hëllefen. Et gi reegelrecht Wonnerléisunge fir all méiglech Problemer versprach, vun der Kontaktopnam mat verstuerwene Familljemembere bis zu Léisunge fir sexuell… Continue reading Le Grand Voyant

Wéi transparent si Fluchticketen?

Senior Adult Holding Ticket Laptop Concept

Bei verschiddenen Airlines sinn d’Konditiounen am Fall vun enger Modifikatioun oder Annulatioun vun Ticket net transparent. Mir hu bei der Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert ugeklappt fir si iwwert déi Lacunnen am Konsumenteschutz opmierksam ze maachen. Hei ass d’Fro, déi mir gestallt hunn: Här President,Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro… Continue reading Wéi transparent si Fluchticketen?

D’Präiserhéijunge vun der SNCT

No eiser éischter Fro zu de Präiserhéijunge bei der SNCT, hunn d’Piraten de Ministere fir Konsumenteschutz & Mobilitéit eng weider parlamentaresch Fro iwwert d’Tariffer bei der SNCT gestallt, dës Kéier mam Fokus op de Konsumenteschutz. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: D’Union des Consommateurs Luxembourgeois (ULC) fuerdert an engem Communiqué vum 4te Februar… Continue reading D’Präiserhéijunge vun der SNCT