ACCOUNT

CO-Ausstouss vu Rakéiten

Wéi RTL.lu an engem Artikel vun haut beriicht, gouf den éischten a Lëtzebuerg hiergestalltene Satellit an de Weltall geschoss. Dësen Exploit ass fir d’Wirtschaftsplaz Lëtzebuerg sécherlech een Erfolleg a fir d’Regierung sécherlech erfreelech, well d’Regierung sech am Koalitiounsaccord d’Fërderung vum “secteur spatial luxembourgeois” virgehol huet. Allerdéngs sollt een dëse Wirtschaftszweig och aus dem Bléckwénkel vum… Continue reading CO-Ausstouss vu Rakéiten

Drockopträg beim Staat

Background image of white paper loaded into multi functional office machine in printing shop

An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°881 goung ervir, dass de Verbrauch an d’Käschte vum Pabeier beim Staat relativ stabil bliwwen ass. Och wa verschidde Prozeduren digitaliséiert ginn, esou setzt de Staat aktuell nach vill op de Pabeierdrock fir zum Beispill Informatiounsbroschüren hierzestellen. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung folgend Froe gestallt: Wéi… Continue reading Drockopträg beim Staat

Wéi gutt ginn Déierenziichter kontrolléiert?

Close up of dog bulldog in a cage

D’Zuucht vun souwéi den Handel mat Déieren sinn zu Lëtzebuerg gängeg Methoden fir Suen ze verdéngen. Déierenziichter vun hei oder aus dem Ausland bidden op Internetbörsen verschidde Sorten vun Déieren un, vun Hënn, iwwer Kaazen bis Goldfësch. D’Präisser reechen, je no Déier, vun e puer Euro fir e Fësch bis zu e puer dausenden Euro… Continue reading Wéi gutt ginn Déierenziichter kontrolléiert?

Earth Overshoot Day: wou steet Lëtzebuerg?

Earth

D’NGO Global Footprint Network huet dëst Joer de 29te Juli als Äerdiwwerlaaschtungsdag (Earth Overshoot Day) confirméiert. Dat ass den Dag, un deem d’Mënschheet all Ressourcen op der Äerd verbraucht huet, déi normalerweis fir ee Joer missten duergoen. Ab dësem Dag gëtt consideréiert, dass d’Mënschheet hir Ressourcen op Kredit bezitt, dëst op d’Käschte vun eiser Natur… Continue reading Earth Overshoot Day: wou steet Lëtzebuerg?

Gesiichtserkennung mat VISUPOL?

Surveillance camera attached on grey wall

Mir wollten vum Minister fir Bannenzeg Sécherheet wëssen, ob am Kader vum VISUPOL eng Gesiichtserkennungssoftware agesat gëtt. Hei ass eis Fro: Am Kader vum Ausbau vum Iwwerwaachungssystem VISUPOL stellen sech gewësse Froen zu de Mëttelen, déi dëser Iwwerwaachungstechnologie zu Dispositioun gestallt ginn. Iwwerwaachungskameraen zeechnen nämlech net nëmme Biller op, mee kenne mat verschiddene Softwaren genau d’Identitéit… Continue reading Gesiichtserkennung mat VISUPOL?

Keng Läschhelikopteren zu Lëtzebuerg?

Alarm for the air rescue service. Doctor is preparing in the helicopter emergency medical service. - selective focus on the glove

An anere Länner gi bei gréissere Bëschbränn Läschhelikoptere bäigezu fir d’Flamen ze bekämpfen. Net awer zu Lëtzebuerg. Mir wëlle vun der Regierung wëssen, ob si Pläng huet fir esou Helikopteren zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Hei eis Fro: Wéi d’Presse an der Suite vun de Flächebränn vun de läschten Deeg rapportéiert, gouf et eng Ufro vun der Air-Rescue fir… Continue reading Keng Läschhelikopteren zu Lëtzebuerg?

Immobiliëblos zu Lëtzebuerg?

D’Präisser fir Immobilien zu Lëtzebuerg klammen ëmmer weider, egal ob d’Studie vum Privatsecteur oder vun der ëffentlecher Hand finanzéiert gëtt an all Kéier wuessen d’Immobiliepräisser méi séier wéi d’Inflatioun. Een Indice dofir op de Kafpräis vun enger Immobilie nach realistesch ass, ass de Ratio tëscht Kafpräis an dem Joresloyer. An der Fachliteratur ginn Wäerter vun… Continue reading Immobiliëblos zu Lëtzebuerg?

Zënsen bei CCSS, AED an ACD?

Stacks of golden coins arranged as a chart, color toning applied.

Am Prinzip musse Scholden vu Biergerinnen a Bierger vis-à-vis vum Staat oder ëffentlechen Instanzen direkt an ouni weider Opfuerderung bezuelt ginn. Dëst ass natierlech leider net ëmmer de Fall an am Fall vun engem Retard beim Bezuelen ginn Scholdzënse fälleg respektiv eventuell souguer Amenden. An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen: Ginn… Continue reading Zënsen bei CCSS, AED an ACD?

Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS – Eng Nofro

Am Februar hate mir bei der Inneministesch nogefrot, wou d’Indemnitéiten fir Fräiwëlleger vum CGDIS bleiwen. Mir goufen informéiert, dass nach ëmmer Onreegelméissegkeete bei den Iwwerweisungen vum CGDIS virkommen. Dofir hu mir der Ministesch nach eng Kéier e puer Froe gestallt. Hei ass d’Fro: A menger parlamentarescher Fro n°429 haat ech d’Madamm Ministesch iwwert d’Ausbezuele vun den Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger… Continue reading Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS – Eng Nofro

Äntwert op eis Fro zu den Déierentransporter

De Landwirtschaftsminister Schneider huet eis eng Äntwert op eis parlamentaresch Fro iwwert d’Déierentransporter ginn. D’Pirate bedaueren, dass während der Hëtztwell keng weider Kontrolle vum Minister ënnerhol goufen. Des Weideren ass et ze belächelen, dass d’Déierentransporter an d’Tierkei wärend de Summerméint suspendéiert gi sinn. Mir si kategoresch géint Déierentransporter, déi dausende vu Kilometer vu Lëtzebuerg bis op… Continue reading Äntwert op eis Fro zu den Déierentransporter