STATEC Corona App

An deene leschten Deeg sinn E-Mailen zirkuléiert mam Absender “Enquête App STATEC ” mam Sujet “STATEC Enquête /Ëmfro /Umfrage /Survey Covid-19 App”.

Mat dësem Mail goufen déi Betraffen opgefuerdert fir un enger Ëmfro betreffend d’Aféiere vun enger Covid-19 App matzemaachen.
Wien un der Enquête deelgeholl huet, kritt um Enn eng E-Mail mat ënnert anerem folgende Wuertlaut:
“Derzeit wird von den luxemburgischen Gesundheitsbehörden keine Rückverfolgungs-App empfohlen. Wenn Sie die App des Robert-Koch-Instituts installieren möchten, die auch in Luxemburg verfügbar ist, benutzen Sie bitte die folgenden Links:

Corona-Warn-App für iOS
Corona-Warn-App für Android

Falls Sie Bedenken in Bezug auf irgendeinen Aspekt der Studie zur Covid-19 Rückverfolgungs-App haben, wenden Sie sich bitte an enquete.app@statec.etat.lu”

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 2541 huet de Minister d’Echtheet vun dëser Enquête confirméiert an op d’wëssenschaftlech Onofhängegkeet vum STATEC higewisen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wien huet d’Texter vun den E-Maile validéiert? Wéi kënnt et datt de STATEC als ëffentlech Verwaltung Leit indirekt op eng spezifesch App hiweist?

  2. Denkt de Minister net, datt den Hiweis op eng spezifesch App ouni virdrun deen an der Motioun vum 7. Mee gefuerdert an ugeholle legal Basis ze schafen, géint dës Motioun verstéisst?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2605

Zesummenhang posts

Déi national an europäesch Gesetzgebung gesäit vir, dass Persounen sech bei enger nationaler Entitéit beschwéiere kënnen, wann hier Rechter am Beräich vun de si
Fir eis Piraten si Biergerbedeelegung a Selbstbestëmmung wichteg. Dofir läit et eis och um Häerzen, dass d’Bierger selwer kënnen decidéieren, wéi a wou si