Impfstoff géint de Coronavirus

The Brussels Times beriicht an engem Artikel vum 21ten August 2020 doriwwer, datt AstraZeneca, eng Firma an der Pharmaindustrie mat Sëtz a Groussbritannien, drop an drun ass een éischte Vaccin géint de Sars-Cov-2 op de Maart ze bréngen. D’EU-Kommissioun hat an engem Communiqué vum 14ten August 2020 beriicht, datt mat besotener Firma een Accord ofgeschloss gouf, deen ee Virkafsrecht fir 300 Milliounen Dosissen – an eventuell weider 100 Millioune weider Dosissen – vum Coronavirus-Impfstoff virgesäit, ënnert der Konditioun, datt den Impfstoff noweislech sécher ass.

Wéi The Brussels Times weider schreift, wéilt d’Firma awer zu deem Moment, wou den Impfstoff op de Marché kënnt, fir véier Joer keng Responsabilitéit iwwer méiglech Nieweneffekter iwwerhuelen. Dës Method wär zwar gängeg an den USA, ma net an der EU, wou mer u sech d’Reegel hunn, datt Firme fir d’Nieweneffekter vun defekte Produkter haften. Déi belsch Gesondheetsministesch huet géint esou eng “Net-Haftungs-Klausel” schonn hire Widderstand op europäeschem Niveau ugekënnegt, wéi d’Zeitung weider schreift.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Dosissen vum Impfstoff géint de Coronavirus kritt Lëtzebuerg vun der EU-Kommissioun zougesprach? 

  2. Kann d’Regierung confirméieren, datt di uewe beschriwwen “Net-Haftungs-Klausel” keen Deel vum Accord ass?

  3. Wéi gesinn di generell Konditioune vum Accord tëschent der EU, Lëtzebuerg an AstraZeneca aus? Wéi eng Obligatiounen hunn di jeeweileg Vertragspartner?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2711

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene