Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Wien huet d’Werbecampagne #NetOuniMengMask erstallt? – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Wien huet d’Werbecampagne #NetOuniMengMask erstallt?

Net ouni meng Mask. Dëst ass de Message vu enger aktueller Sensibiliséierungscampagne, déi vum Gesondheetsministère bal iwwerall am Land ze gesinn ass. Pechbiller a Restauranten souwéi digital Werbeannoncë sollen d’Leit dorunner erënneren, dass si mam Droe vun enger Mask hier Matmënschen a sech selwer virun enger méiglecher Infektioun mam Coronavirus schütze kann. 

Wann een d’Metadate vun de Grafiken analyséiert, déi d’Santé zur Verfügung stellt, sou entdeckt een, dass d’Date de Création vun der Grafik de 17te Mäerz 2020 war. Zu dësem Datum hat d’Regierung knapps de Confinement decidéiert. Gläichzäiteg war d’Regierung zu dem Zäitpunkt skeptesch géigeniwwer der Schutzwierkung vu Masken, well dës net medezinesch noweisbar war. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini gouf d’Werbecampagne an och d’Grafik #NetOuniMengMask, déi haut iwwerall ze gesinn ass, vun der Regierung an Opdrag ginn? 

  2. Gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung fir dës Werbecampagne?

  3. Kann d’Ministesch confirméieren, dass d’Date de Création vun der Grafik de 17te Mäerz ass? Falls jo,
    • firwat gouf d’Droe vun der Mask zu deem Zäitpunkt net schonns als Recommandatioun ausgeschwat?
    • hat d’Regierung hei bewosst net d’Wourecht gesot, well een eng Panik innerhalb vun der Bevëlkerung vermeide wollt, wëssend, datt et zu deem Zäitpunkt schwéier war Masken um fräie Marché ze kréien?

  4. Wéi vill huet d’Konzeptioun vun der Werbecampagne kascht? 

  5. Wéi vill bezilt d’Regierung fir d’Diffusioun an d’Publicitéit vun der Campagne?

  6. Wéi eng Organisatioun huet d’Werbecampagne konzipéiert an designed?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2333

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll