Aktualitéitsstonn zur ziviller Loftfaart
D’Deputéiertechamber stellt fest:
- D’Tourismusbranche dréit am Duerchschnëtt ronn 3% zum lëtzebuergeschen Bruttoinlandprodukt bäi (Source: UNWTO, Compendium of Tourism Statistics, Data 2014–2018, Edition 2020);
- Enger rezenter Prognose vun der Welttourismusorganisatioun (UNWTO) fir d’Joer 2020 no, riskéiert d’Unzuel u Reese weltwäit ëm 60 bis 80% anzebriechen;
- D’Reesagencen zu Lëtzebuerg rechne mat engem Abroch vu bis zu 80% vun hirem Ëmsaz fir d’Joer 2020;
- Nom Auslafe vum Ausnamezoustand mussen d’Rechter vum Konsument respektéiert ginn an am Fall, wou Reesen annuléiert ginn, muss de Konsument seng Käschte vollwäerteg réckerstatt kréien an der Form, déi hie wëll (Cash oder Coupon);
Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:
- mat den Acteuren aus dem Tourismussecteur een nationalen Hëllefsfong fir déi gesamt lëtzebuergesch Reesbranche (i.e. Tour Operatoren, Reesagencen, Hospitality an Transport) opzestellen, fir Faillitten ze verhënneren.
- d’Rechter an de Choix vum Konsument ze respektéieren a keng Mesuren ze ënnerstëtzen, déi d’Clienten zwéngen, Couponen unzehuelen. De Client muss kënne wielen tëscht Remboursement oder Coupon.
D’Piraten hunn direkt ugefrot, dass dëst Thema an der Chamber diskutéiert gëtt. Mir hunn dofir eng Kommissiounssëtzung ugefrot.
Den 20.04.2022 gouf d’Motioun dunn an der Kommissioun behandelt an den Minister huet eis wësse gedoen, dass d’Reesbranche vun engem gudden Joer 2022 ausgeet, an een d’Kris wuel gutt iwwerstaanen hätt. Fir eis ass d’Motioun domat ofgeschloss.