Loyers Bâtiments publics

Am Kader vun der Covid-19 Pandemie goufen et Fuerderungen, fir Commerçanten duerch d’Aussetzen, respektiv de Verzicht vum Loyer, z’entlaaschten an esou d‘Perennitéit vun hire Betriber z’erméiglechen. Verschidde Gemenge sinn dëse Wee gaangen an och Regierungsmemberen hunn ugedeit, datt dëst Piste wieren, déi ee misst kucken. De Staat selwer ass duerch eng Rei Institutiounen, ënnert anerem der Administration des Bâtiments publics, Proprietär vu kommerzielle Surfacen (Bureauen, Restauranten, Geschäfter, …), déi u Betriber verlount ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Här Minister, wéi vill Locaux Commerciaux’en verlount d’Administration des Bâtiments publics?

  2. Wat ass de Loyer moyen a médian pro m2?

  3. Wéi vill Loyer gëtt pro Mount erageholl?

  4.  Gouf am Kader vum Covid-19 op Loyer verzicht? Wa jo op wéi vill?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2369

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt