Verwaltungsrot vun der Spuerkeess

Am Kader vun der Fermeture vun de sëllege Guicheten uechtert d’Land goufe vun alle Parteie well eng Rëtsch parlamentaresch Ufroe gestallt a beäntwert. D’Decisioun d’Guicheten zou ze maachen ass am Conseil d’Administration vun der Spuerkeess (BCEE) gefall. D’Statute vun dësem Organ sinn iwwerdeems der Dageszeitung “LeQuotidien” no, zanter 1989 net Read more…

BCEE Fermeture: Zukunft vun de Gebailechkeeten

D’Spuerkeess (BCEE) huet rezent annoncéiert eng ganz Rëtsch Guicheten uechtert d’Land zouzemaachen. Wëssend, datt d’Spuerkeess zu 100 % dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, stellt sech d’Fro wat elo mat de Gebaier geschitt, déi zukünfteg net méi als Agence genotzt ginn. De Logements- a Mobilitéitsproblem zu Lëtzebuerg spëtzt sech zou. Deemno kéint d‘Spuerkeess (BCEE), als Etablissement public, e vun den Acteuren sinn, déi e soziale Rôle an dëse Froen iwwerhuele kéinten. Schonn am Joer 1929 huet d’Spuerkeess (BCEE) ee Rôle social assuméiert. Op der Internetsäit vun der Spuerkeess (BCEE) ass dozou Folgendes ze liesen : « En 1929, la Caisse d’Épargne se voit adjoindre un nouveau service, celui des Logements Populaires, créé par la loi du 26 avril 1929. Ce nouveau service, placé sous l’autorité du Gouvernement et administré par la Caisse d’Épargne pour le compte et sous la garantie de l’État, a pour mission d’octroyer des prêts à taux d’intérêt réduit pour la construction d’habitations à bon marché pour ainsi faciliter l’accession à la propriété immobilière également aux classes sociales moins fortunées. »Wëssend, datt d‘Taux d‘intérêts haut historesch déif sinn, kéint d‘Spuerkeess (BCEE) beispillsweis iwwert eng Contributioun sociale en nature, a Form vun enger Cessioun vun hiren Immobilien un d‘Gemengen oder de Staat, op e Neit e Rôle social erfëllen. 

Weiderliesen

Firwat hält de Finanzministère sech net un d’Recommandatioune vum Gesondheetsministère?

Vum 18te bis den 21te Mäerz sollt d’Well-Being-Konferenz zu Lëtzebuerg stattfannen. Dës Konferenz, déi vum STATEC organiséiert ginn ass, gouf wéinst der COVID19-Epidemie ofgesot. Dës Ukënnegung kënnt iwwerraschend, well de Gesondheetsministère an senge Recommandatiounen op senger Website Folgendes schreift

“Le gouvernement recommande-t-il de restreindre certaines activités commerciales ou visites en raison de la situation sanitaire liée au nouveau coronavirus ? Non. Le gouvernement n’a émis aucune directive à ce sujet. Les activités commerciales, les visites et le tourisme peuvent être poursuivis.”

Weiderliesen

11 Spuerkeess-Agencë ginn zou – wat wosst d’Regierung dovunner a wat geschitt elo mam Personal?

Virun zwee Deeg gouf an der Chamber eng Interpellatioun vun e puer Stonne gefouert zum Thema vum ländleche Raum. Haut, also zwee Deeg dono, huet d’Spuerkeess an engem Communiqué matgedeelt, dass no enger interner Studie 11 Agencen am Land hier Diere fir ëmmer wäerten zoumaachen.

Déi 38 Mataarbechter vun de betraffenen Agence sollen op aner Agencen opgedeelt ginn. 

Weiderliesen

Wéi een Afloss hunn déi héich Logementspräisser op d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg?

Säit Joren klammen d’Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg. Ëmmer méi Jonker, ma och eeler Leit a Famillen hu Problemer sech eng Wunneng ze kafen oder ze lounen. Dës trëfft jiddereen : Op Auslänner oder Lëtzebuerger. Duerch dës Entwécklung sinn d’Liewensënnerhaltskäschten ëmmer méi erdréckend. Vill Leit aus dem Ausland schrecken d’Immobiliëpräisser an déi Read more…

Wéi gëtt déi nei Autossteier ëmgesat?

Viru ronn engem Mount huet den Energieminister ugekënnegt, dass ab dem éischte Mäerz vun dësem Joer d’Autossteier net méi nom NEFZ-Modell berechent gëtt, mee nom WLTP-Modell, wat eng Hausse vun dëser Steier zur Konsequenz wäert hunn.

Wéi den Energieminister an engem RTL-Interview vum 7ten Dezember gesot huet, soll d’Steier awer just fir Neiween gëllen an net fir Autoen, déi schonns verkaf goufen. 

(more…)

D’Minimalsteier – Sinn Ausname fir jonk Betriber méiglech?

Am lëtzebuergesche Steierrecht fir Betriber gëtt et Dispositiounen iwwert déi sougenannte Minimalsteieren am Beräich vun der Verméigenssteier vu Betriber. Dës Minimalsteier gëtt onofhängeg vum Resultat vun engem Betrib erhuewen a ka grad bei jonke Betriber, déi mat wéineg Kapital gegrënnt goufen, zousätzlech (an net ëmmer am viraus ageplangten) Käschte generéieren. Read more…

Protokoller als Scheibenwischerdekoratioun – Firwat ginn 20 Milliounen Euro Protokoller net agedriwwen?

An der parlamentarescher Fro n°614 hate mir eis iwwert d’Avertissements taxés (AT) emfrot. An hirer gemeinsamer Äntwert schreiwen d’Ministeren A Saache Parkinfraktiounen ass et schwéier Autoen déi am Ausland ugemellt sinn ze identifizéieren. Aktuell gëtt et keng legal Basis déi et géif erméiglechen dës Informatioune bei auslänneschen Autoritéiten unzefroen. An Read more…