BCEE Fermeture: Zukunft vun de Gebailechkeeten

D’Spuerkeess (BCEE) huet rezent annoncéiert eng ganz Rëtsch Guicheten uechtert d’Land zouzemaachen. Wëssend, datt d’Spuerkeess zu 100 % dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, stellt sech d’Fro wat elo mat de Gebaier geschitt, déi zukünfteg net méi als Agence genotzt ginn. De Logements- a Mobilitéitsproblem zu Lëtzebuerg spëtzt sech zou. Deemno kéint d‘Spuerkeess (BCEE), als Etablissement public, e vun den Acteuren sinn, déi e soziale Rôle an dëse Froen iwwerhuele kéinten. Schonn am Joer 1929 huet d’Spuerkeess (BCEE) ee Rôle social assuméiert. Op der Internetsäit vun der Spuerkeess (BCEE) ass dozou Folgendes ze liesen : « En 1929, la Caisse d’Épargne se voit adjoindre un nouveau service, celui des Logements Populaires, créé par la loi du 26 avril 1929. Ce nouveau service, placé sous l’autorité du Gouvernement et administré par la Caisse d’Épargne pour le compte et sous la garantie de l’État, a pour mission d’octroyer des prêts à taux d’intérêt réduit pour la construction d’habitations à bon marché pour ainsi faciliter l’accession à la propriété immobilière également aux classes sociales moins fortunées. »Wëssend, datt d‘Taux d‘intérêts haut historesch déif sinn, kéint d‘Spuerkeess (BCEE) beispillsweis iwwert eng Contributioun sociale en nature, a Form vun enger Cessioun vun hiren Immobilien un d‘Gemengen oder de Staat, op e Neit e Rôle social erfëllen. 

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Finanzminister folgend Froe gestallt:

  • Här Minister, wat passéiert an Zukunft mat de Gebaier, déi bis well als Agencen gedéngt hunn ?
  • Här Minister, ass geplangt d’Gemengen aktiv an d’Reaffektatioun vun dëse Gebaier anzebannen ? Wa jo, ënnert wéi enger Form?
  • Ass geplangt déi desaffektéiert Gebaier um Privatmarché ze verkafen oder ze verlounen?
  • Här Minister, wéi sti Dir der Iddi géigeniwwer, déi Gebaier, déi net méi als Agence genotzt ginn zukünfteg als Coworking-Space ze notzen an ob deem Wee den Teletravail auszebauen?
  • Här Minister, wéi sti Dir der Iddi géigeniwwer, déi Gebaier, déi net méi als Agence benotzt ginn zukünfteg als ëffentlechen Wunnraum ze notzen, respektiv gratis un en ëffentlechen Träger ze iwwerginn (p.ex: SNHBM oder de Fonds du Logement)?
  • Här Minister, wéi sti Dir der Iddi géigeniwwer, déi Gebaier, déi net méi als Agence benotzt ginn zukünfteg als ëffentlechen Wunnraum ze notzen, respektiv zu engem reduzéierten Tariff un en ëffentlechen Träger ze iwwerginn (p.ex: SNHBM oder de Fonds du Logement)?
  • Wëssend, datt d’Spuerkeess schonn am Joer 1929 e soziale Rôle gespillt huet a Saache Logement, kann de Minister sech virstellen der BCEE och am Joer 2020 eng ähnlech Roll zoukommen ze loossen ? Wa jo, ënnert wéi enger Form ? Wa nee, firwat net?
  • Kann de Finanzminister sech virstellen der Spuerkeess (BCEE) iwwert ee Gesetz, ähnlech wéi deem vun der « Loi du 26 avril 1929 concernant la création d’un organisme pour l’allocation de crédits à taux d’intérêt réduit pour habitations à bon marché, biens ménagers et jardins ouvriers et pour l’amélioration hygiénique des logements », e soziale Rôle ze attribuéieren an op deem Wee d’Wunnengproblematik unzegoen ?

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in