Suivi: Eidel Spuerkeessagencen nei notzen. Wéi geet et weider, wat sinn d’Pisten? De Sven Clement hakt no.

An der läschter Äntwert vum Finanzminister huet et geheescht: “dass d’Spuerkeess zesumme mat de Gemengen no Léisunge sicht, fir déi zukünfteg eidel Agencë méiglechst sënnvoll ze notzen,zum Beispill fir soziale Logement oder fir nei Geschäfter. Och aner Iddien, déi den honorabelen Deputéierten nennt, sinn denkbar. Wann béide Gemenge keen Interesse Read more…

Verwaltungsrot vun der Spuerkeess

Am Kader vun der Fermeture vun de sëllege Guicheten uechtert d’Land goufe vun alle Parteie well eng Rëtsch parlamentaresch Ufroe gestallt a beäntwert. D’Decisioun d’Guicheten zou ze maachen ass am Conseil d’Administration vun der Spuerkeess (BCEE) gefall. D’Statute vun dësem Organ sinn iwwerdeems der Dageszeitung “LeQuotidien” no, zanter 1989 net Read more…

BCEE Fermeture: Zukunft vun de Gebailechkeeten

D’Spuerkeess (BCEE) huet rezent annoncéiert eng ganz Rëtsch Guicheten uechtert d’Land zouzemaachen. Wëssend, datt d’Spuerkeess zu 100 % dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, stellt sech d’Fro wat elo mat de Gebaier geschitt, déi zukünfteg net méi als Agence genotzt ginn. De Logements- a Mobilitéitsproblem zu Lëtzebuerg spëtzt sech zou. Deemno kéint d‘Spuerkeess (BCEE), als Etablissement public, e vun den Acteuren sinn, déi e soziale Rôle an dëse Froen iwwerhuele kéinten. Schonn am Joer 1929 huet d’Spuerkeess (BCEE) ee Rôle social assuméiert. Op der Internetsäit vun der Spuerkeess (BCEE) ass dozou Folgendes ze liesen : « En 1929, la Caisse d’Épargne se voit adjoindre un nouveau service, celui des Logements Populaires, créé par la loi du 26 avril 1929. Ce nouveau service, placé sous l’autorité du Gouvernement et administré par la Caisse d’Épargne pour le compte et sous la garantie de l’État, a pour mission d’octroyer des prêts à taux d’intérêt réduit pour la construction d’habitations à bon marché pour ainsi faciliter l’accession à la propriété immobilière également aux classes sociales moins fortunées. »Wëssend, datt d‘Taux d‘intérêts haut historesch déif sinn, kéint d‘Spuerkeess (BCEE) beispillsweis iwwert eng Contributioun sociale en nature, a Form vun enger Cessioun vun hiren Immobilien un d‘Gemengen oder de Staat, op e Neit e Rôle social erfëllen. 

Weiderliesen