D’Minimalsteier – Sinn Ausname fir jonk Betriber méiglech?

Published by Sven Clement on

Am lëtzebuergesche Steierrecht fir Betriber gëtt et Dispositiounen iwwert déi sougenannte Minimalsteieren am Beräich vun der Verméigenssteier vu Betriber. Dës Minimalsteier gëtt onofhängeg vum Resultat vun engem Betrib erhuewen a ka grad bei jonke Betriber, déi mat wéineg Kapital gegrënnt goufen, zousätzlech (an net ëmmer am viraus ageplangten) Käschte generéieren. Dëst ass virun allem da relevant, wann e Grënner vun enger klenger Entreprise onofhängeg vu sengem Revenue wärend dem éischte Joer mindestens 6.425,97 EUR (Index 834,76) un Soziallaaschten ze bezuelen huet.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Finanzminister dës Froe gestallt:

  • Wéi vill Betriber goufen an de leschte 5 Joer an deene verschiddene Paliere vum IF minimum nom Paragraph 8, alinéa 2, lettre b) VStG besteiert?
  • Wéi vill vun dëse Betriber gëtt et (opgeschlësselt no Palier) säit manner wéi 3 Joer?
  • Wéi vill vun dëse jonke Betriber haten (opgeschlësselt no Palier) eng Perte am Bilan stoen? 
  • Wéi vill vun dëse Betriber hunn (opgeschlësselt no Palier) vun enger Reduktioun vum IF minimum profitéiert?
  • Wéi vill vun dëse Betriber hunn hiren IF minimum zousätzlech opgrond vum “Régime d’intégration fiscale” reduzéiert?
  • Plangt de Minister Erliichterunge fir jonk Betriber am Beräich vun der Minimalbesteierung, fir esou d’Grënnung vu klengen Entreprisen, déi wéineg Kapital brauchen, ze begënschtegen?

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.