Protektioun vu geschützte Gebaier

Op der Internetsäit vum Service des sites et monuments nationaux liese mir: “La conservation, la protection et la mise en valeur du patrimoine bâti est l’affaire de tous : propriétaires d’immeubles, associations, citoyens, communes, Etat. En effet, il y va de l’identité culturelle de tout un pays.” Am Kapitel, dat Read more…

Wunne fir 10€ pro m2

Context: Logementskris D’Deputéiertechamber stellt fest: dass Wunnen ee Recht ass, datt am Artikel 31 vun der europäescher Sozialcharta wéi folgt festgehalen ass:“Um die wirksame Ausübung des Rechts auf Wohnung zu gewährleisten, verpflichten sich die Vertragsparteien, Maßnahmen zu ergreifen, die darauf gerichtet sind:1) den Zugang zu Wohnraum mit ausreichendem Standard zu fördern;2) Read more…

Ofrëss vu bestoende Gebaier

Bestoend Haiser duerch Renovatioun, Restauratioun an/oder energetesch Optimiséierungen ze erhalen, huet de Virdeel, dass vun der bestoender Bausubstanz profitéiert gëtt, ouni dass duerch en Ofrëss grouss Quantitéiten u Bauschutt ufale géifen. Zousätzlech ginn och eng ganz Rei Zäregas-Emissiounen agespuert, déi bei engem Neibau ufale géifen, a jee no Fall kann Read more…

Gesetzesvirschlag an der Chamber deposéiert: D’PIRATEN wëllen d’Locataire an der Coronakris schützen.

D’Piraten hunn an der Chamber ee Gesetzesvirschlag deposéiert, fir d’Locatairen an der Coronakris ze schützen. Leit, déi vum Coronavirus getraff ginn an hire Loyer net kënne bezuelen dierften deemno net hire Mietkontrakt gekënnegt kréien. De Ball läit elo bei der Regierungsparteien, ob si mat dësem Gesetzesvirschlag averstane sinn. Klickt op de Bäitrag a Read more…

D’Piraten krope sech d’Landesplanung – E puer Froën un d’Regierung

D’Landesplanung ass wichteg, fir datt sech d’Land kann an Zäite vu staarkem Wuesstëm kohärent weiderentwéckelen. D’Piraten hake bei de responsabelen Ministeren no a froen, ob d’Eegestännegkeet vun de Gemengen an Domainer wéi dem Logement, der Mobilitéit an der Landesplanung net misst iwwerduecht ginn. Zumols an den Ballungsgebidder, wéi z.b der Nordstad, hunn d’Mesüren aus der Vergaangenheet net déi néideg Wierkung gewisen. D’PIRATEN wëllen dem onkoordinnéierte Wuesstëm een Enn setzen – dat duerch eng intelligent Landesplanung.

Weiderliesen

Wéi héich ass d’Konzentratioun vun de Besëtzverhältnësser um Immobilienmarché wirklech?

De Logementsproblem verschäerft. D’Piraten hunn beim Logementsminister nogefrot, ob hien bereed wier beim LISER oder dem OBSERVATOIRE DE L’HABITAT eng Etüd realiséieren ze loossen, fir erauszefannen, wéi héich d’Konzentratioun vun de Besëtzverhältnësser um lëtzebuerger Immobilienmarché wirklech ass. Mir Piraten erhoffen eis vun esou enger Etüd eng objektiv, faktenbaséiert Diskussioun iwwert Read more…