Wéi gëtt déi nei Autossteier ëmgesat?

Viru ronn engem Mount huet den Energieminister ugekënnegt, dass ab dem éischte Mäerz vun dësem Joer d’Autossteier net méi nom NEFZ-Modell berechent gëtt, mee nom WLTP-Modell, wat eng Hausse vun dëser Steier zur Konsequenz wäert hunn.

Wéi den Energieminister an engem RTL-Interview vum 7ten Dezember gesot huet, soll d’Steier awer just fir Neiween gëllen an net fir Autoen, déi schonns verkaf goufen. 

Do stellt sech allerdéngs d’Fro, wéi d’Autossteier fir déijeeneg Keefer berechent gëtt, déi hire Kafkontrakt oder Devis schonns virun der Aféierung vun der Autossteier ënnerschriwwen hunn an hiren Auto erreischt dëst Joer ausgehännegt kréien, immatrikuléieren a bezuelen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi gesäit d’Situatioun aus fir Keefer, déi virun der Aféierung vun der neier Autossteier eng Offer ënnerschriwwen hunn, mee den Auto eréischt am Joer 2020 ausgehännegt kréie bzw. dëse réischt am Joer 2020 immatrikuléieren? Falen dës Keefer ënnert de Regime vun der vireger Autossteier oder ënnert de neie Regime? 
  2. Wat ass den ausschlaggebende Krittär, fir dass d’Bestellung vun engem Auto am Joer 2019 ënnert de Regime vun der vireger, respektiv der neier Autossteier fält? Geet et duer een ënnerschriwwene Kafkontrakt oder Dévis zum Zäitpunkt vun 2019 virzeléeën oder gëtt den Datum vun der éischter Immatrikulatioun vum Auto consideréiert?
  3. Am RTL-Interview sot de Minister, dass Occasiounsautoen net vun der neier Steier wäerte betraff sinn. D’Steier gëllt deemno net fir “déi Autoen, déi ee schonn huet”. Wéi rechtfäerdegt d’Regierung, dass Autosbesëtzer, déi genee dee selwechten Typ Auto mat der selwechter Motoriséierung hunn a jeeweils déi nämmlecht Quantitéit un Zäregaser ausscheeden, mat zweeërlee Mooss besteiert ginn?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene