Firwat hält de Finanzministère sech net un d’Recommandatioune vum Gesondheetsministère?

Vum 18te bis den 21te Mäerz sollt d’Well-Being-Konferenz zu Lëtzebuerg stattfannen. Dës Konferenz, déi vum STATEC organiséiert ginn ass, gouf wéinst der COVID19-Epidemie ofgesot. Dës Ukënnegung kënnt iwwerraschend, well de Gesondheetsministère an senge Recommandatiounen op senger Website Folgendes schreift

“Le gouvernement recommande-t-il de restreindre certaines activités commerciales ou visites en raison de la situation sanitaire liée au nouveau coronavirus ? Non. Le gouvernement n’a émis aucune directive à ce sujet. Les activités commerciales, les visites et le tourisme peuvent être poursuivis.”

an d’Gesondheetsministesch no enger Chamberskommissioun vum 3te Mäerz nach eng Kéier betount huet, dass d’Betriber sech de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun alignéiere sollen an et heescht, datt de Moment keng Evenementer wéinst dem Virus mussen annuléiert ginn. 

An deem Zesummenhang hat ech dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Hat de STATEC Récksproch mat der Inspection sanitaire, éier d’Konferenz annuléiert gouf?
  2. Huet de Finanzministère eng aner Approche zum COVID19 ewéi de Gesondheetsministère an d’WHO? Falls jo, firwat?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen