Déiereschutz an de Schluechthaiser – wéi gutt gëtt kontrolléiert?

Op de soziale Medien zirkuléiert ee Video, an dem d’Schluechtprozedur an engem Schluechthaus zu Lëtzebuerg opgehol gouf. D’Szeen gouf verstoppt gedréint a weist de Raum, wou d’Déieren zerluecht ginn.  Am Video ass kloer ze gesinn, wéi eng Kouh ouni Betäubung dout gemaach ginn ass. De Video weist wéi d’Déier, wat nach gelieft huet an nach zuckt, bei vollem Bewosstsinn den Hals opgeschnidde kritt.

Weiderliesen

Eng Fro iwwert de Verkéier am Norde vum Land

All Daach fuere ronn 20 000 Autoen duerch d’Uertschaften Hengescht, Housen, Houschterdéckt. D’ganz N7 soll duerch Reamenagementer (Echangeuren, Leitplanken, etc.) an noer Zukunft geséchert ginn. De Contournement Housen ass an deem Kontext ee wichtegt Puzzelstéck. Allerdéngs wäerte vill Kilometer vun der N7 och weiderhin duerch kleng Uertschafte féieren an d’Liewensqualitéit Read more…

Keng Plaz am Zuch fir Passagéier zweeter Klass?

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1710 vum honorabelen Deputéierte M. Schank confirméiert de Minister d’Iwwerlaaschtung vu verschiddenen Zich. De Minister schreift, dass duerch d’Bäikafe vun neie Waggonen d’CFL an de nächste Joren d’Passagéierkapazitéite fir d’éischt an déi zweet Klass erhéije wäert. Am Uschloss op dës Fro wéilt ech dem Minister folgend Froe stellen: Wéi Read more…

Ministerautoe fir privat Trajeten?

An engem RTL-Reportage vum 3te Februar 2020 huet den Ex-Wirtschaftsminister folgend Behaaptung gemaach:

„Dat eenzegt, wat mir wäert feelen, ass datt ech mech net méi hannen an den Auto sëtze kann a vir wäert ee fueren. Bis e Kolleeg mech drop opmierksam gemaach huet, dass ech och keen Auto méi hunn ab dem 5. An dat ass effektiv richteg, elo muss ech mech och nach dorëms këmmeren.”

Weiderliesen

Wéi ass d’Roll vum Partner vu Regierungsmemberen zu Lëtzebuerg gereegelt?

De 24te Januar 2020 huet de Sonnerbeoptraagte vum Premierminister säi Rapport iwwert de groussherzoglechen Haff deposéiert. Am Rapport gouf nieft der Finanzgestioun nämlech och d’Organisatioun vum Haff an dorënner d‘Roll vun der d‘Grande-Duchesse ënnert d’Lupp geholl. Hei schreift de Rapporteur:

(1)„[…] le rôle de la Grande-Duchesse qui exerce une fonction purement représentative ne devrait pas être un sujet de discussion.“ (Säit 30)

Weiderliesen

Feedback beim Staat?

Feedback vu Clienten ze kréien ass ee wichtegen Unhaltspunkt, fir eng Organisatioun kënne weiderzëentwéckelen. Ee gutt Feedbackmanagement baut dorobber op, dass d’Qualitéit vum Service net als selbstverständlech ugesi gëtt, mee an enger Interaktioun mam Client versicht gëtt, déi tatsächlech Qualitéit an de Wäert vun enger Prestatioun z’erfaassen an domadder ze Read more…