ACCOUNT

Motioun géint d’Tracing-Appen

Two Mobiles Phone To Phone Wirelessly Charging On Desk

An der Chamberssëtzung vum 17ten Abrëll 2020 hunn d’Piraten eng Motioun agereecht, fir d’Verfolgungs-Appen (Tracing-Apps) am Kader vun der Bekämpfung vum Coronavirus net zouzeloossen, well dës een déiwen Aschnëtt an d’Privatsphär vun de Bierger bedeiten an déi aktuell Mesuren an eisen Aen ausreechend sinn. D’Motioun gouf an d’Kommissioun verwisen, fir eng gemeinsam Positioun fir Lëtzebuerg auszeschaffen. An der Chambersëtzung… Continue reading Motioun géint d’Tracing-Appen

Eng Pirate-Motioun zur Aféierung vun engem Regëster fir Wierker fir blann Mënschen

Close-up of blind mixed-race schoolboy hands reading a braille book in classroom at elementary school

D’Deputéiertechamber stellt fest: De Marrakesch-Traité an d’EU-Direktive 2017/1564 gesinn eng Harmoniséierung vu veschidden Aspekter vun Droit d’Auteur vir an dat zu Gonschte vu Persounen, déi en visuellen Defizit hunn; De Gesetzesprojet 7352 leet fest, dass Entreprise Publicitéit fir dëse Service maache sollen. Dëst ass bis ewell déi eenzeg Méiglechkeet, déi d’Bierger hunn, fir ze wëssen, dass… Continue reading Eng Pirate-Motioun zur Aféierung vun engem Regëster fir Wierker fir blann Mënschen

Motioun fir d’Ofschafe vun der Altersbeschränkung an der Arméi

D’Piraten hunn d’Regierung invitéiert d’Héchstaltersbeschränkung vu 26 Joer vum Fräiwëllegendéngscht an der Arméi ofzeschafen an d’Selektioun no Krittären ze gestalten, déi den Ufuerderunge vun der Aufgab als Zaldot entspriechen. Dës Motioun gouf vun der Chamber ugehol.

D’Pirate wëllen de Mataarbechter méi Afloss an de Betrieber ginn

Low angle portrait of empowered woman working at construction site posing against sky with tower crane in background, copy space

An der Chambersëtzung vum 13te Februar 2020, hunn d’Piraten d’Regierung an enger Motioun opgefuerdert eng Etüd opzestellen, déi analyséiere soll, wéi d’Konzept vum “actionnariat salarié” zu Lëtzebuerg implementéiert kéint ginn, an dës Etüd bei Ofschloss der Chamber ze présentéieren; am Kader vun der Steierreform d’Méiglechkeet ze analyséieren, Firmen, déi een actionnariat salarié ubidden, steierlech z’entlaaschten. Dës… Continue reading D’Pirate wëllen de Mataarbechter méi Afloss an de Betrieber ginn

Wéini gëtt d’Bio-Poubelle endlech flächendeckend agefouert?

Woman recycling organic kitchen waste by composting in green container during preparation of meal

D’Chamber hat de 16te Mee 2019 am Kader vun der Debatt zum Klima eng Motioun adoptéiert alles ze ënnerhuele fir Lëtzebuerg zum Spëtzereider an der Offallvermeidung an Offallverwäertung ze maachen. Um Punkt 10 gëtt d’Regierung invitéiert “à assurer à ce que les collectes séparées obligatoires depuis 1994 soient mises en place partout au Luxembourg”. D’Motioun… Continue reading Wéini gëtt d’Bio-Poubelle endlech flächendeckend agefouert?

Der Wunnengsspekulatioun een Enn setzen (Lex Koller)

Scaffolding structure on a building. Construction architecture industry. Workplace

An der Chamberssëtzung vum 5te Februar gouf iwwert d’Aarmut zu Lëtzebuerg diskutéiert. An dem Kontext hu mir Piraten d’Regierung agelueden, der Spekulatioun op Wunnengen een Enn ze setzen andeems Lëtzebuerg esou wéi d’Schwäiz een entspriechend Gesetz (Lex Koller) ausschaffe soll. Eis Motioun gouf vun den anere Parteien an der Chamber ofgeleent.

D’Pirate fuerderen d’Aféierung vun engem Test-Grondakommes an der Chamber!

euro cash background closeup

An den Diskussiounen ëm d’Aarmut zu Lëtzebuerg hunn d’Piraten d’Regierung opgefuerdert, een Test-Grondakommes zu Lëtzebuerg anzeféieren. Dës Motioun gouf vun alle Parteien an der Chamber ofgeleent. D’Piratepartei bleift domadder weiderhin déi eenzeg Partei, déi sech fir ee Grondakommes zu Lëtzebuerg asetze wäert!

Klima– an Energieplang: Interessekonflikter vu Ministeren

Wärend de Chambersdiskussioune ronderëm de Klima– an Energieplang vun der Regierung hunn d’Piraten eng Motioun agereecht, an der mir Ministeren opfuerderen hier Participatioun an Energiefirmen opzeginn, fir Interessekonflikter aus der Welt ze schafen. D’Motioun gouf an den Ethikrot verwisen an et ass net zu engem Vott komm.  

D’Pirate verlaangen: Schluss mam Geschäft mat de Bëllegflaggen!

Yacht at the sea. Aerial view of luxury floating ship at sunset. Colorful landscape with boat in marina bay, blue sea. Top view from drone of yacht. Luxury cruise. Seascape with motorboat. Ocean

Wärend de Chambersdiskussioune ronderëm de Klima– an Energieplang vun der Regierung, hunn d’Piraten eng Motioun agereecht, an der mir d’Regierung opfuerderen aus dem Geschäft mat de Bëllegflaggen auszesteigen. Wéi aus eiser parlamentarescher Fro ervirgeet, fueren aktuell 216 Schëffer op der ganzer Welt ënnert der lëtzebuergescher Flagg.

D’Pirate si fir eng Autosvignette

Wärend de Chambersdiskussioune ronderëm de Klima– an Energieplang vun der Regierung, hunn d’Piraten eng Motioun agereecht, an der mir fuerderen, dass d’Benotzung vum Auto soll besteiert ginn an net de Besëtz. Wéi an eisem Programm ugekënnegt fuerdere mir dofir eng Autosvignette anzeféieren. Mat dëser Stroossen-Vignette ass et méiglech, dass jiddwereen op eisem Stroossennetz besteiert gëtt, baséiert um reellenCO2-Ausstouss a wéi oft e fiert.… Continue reading D’Pirate si fir eng Autosvignette