Déiereschutz an de Schluechthaiser – wéi gutt gëtt kontrolléiert?

Op de soziale Medien zirkuléiert ee Video, an dem d’Schluechtprozedur an engem Schluechthaus zu Lëtzebuerg opgehol gouf. D’Szeen gouf verstoppt gedréint a weist de Raum, wou d’Déieren zerluecht ginn.  Am Video ass kloer ze gesinn, wéi eng Kouh ouni Betäubung dout gemaach ginn ass. De Video weist wéi d’Déier, wat nach gelieft huet an nach zuckt, bei vollem Bewosstsinn den Hals opgeschnidde kritt.

Den Artikel 9 vun eisem Déiereschutzgesetz leet fest:

“(1)La mise à mort d’un animal ne peut être effectuée qu’après étourdissement. Cette disposition ne s’applique pas en matière de chasse, de pêche récréative et de lutte contre les organismes nuisibles. Lors de la mise à mort d’un animal, toute douleur, détresse ou souffrance inutile doit être évitée.”

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi ass et dem Minister no z’erklären, dass een Déier ouni Betäubung an engem Schluechthaus dout gemaach gouf? Kann de Minister ausschléissen, dass et reegelméisseg zu esou Tëschefäll an de Schluechthaiser zu Lëtzebuerg kënnt? Falls jo, wéi kann hien dat beleeën?
  2. Opgelëscht no Déierenaart a Joer, wéi vill vill Déiere sinn an de leschten 5 Joer zu Lëtzebuerg geschluecht ginn?
  3. Wéi vill Stonnen den Dag däerf an de Schluechthaiser geschluecht ginn? 
  4. Wéi vill Läit schaffen an de Schluechthaiser zu Lëtzebuerg a wéi huet sech d’Unzuel un Aarbechter an de leschte 5 Joer entwéckelt? 
  5. Wéi eng Formatioun mussen d’Schluechter an de Schluechthaiser zu Lëtzebuerg hunn, fir Déieren dierfen dout ze maachen? 
  6. Wéi oft sinn d’Schluechthaiser an de leschten 3 Joer vun der Veterinärsinspektioun kontrolléiert ginn? Wéi vill Verstéiss  géint d’Déiereschutzgesetz goufen an där Period festgestallt? Falls keng oder wéineg Verstéiss festgestallt goufen, kéint ee Grond dofir sinn, dass net genuch Kontrollen duerchgefouert ginn?
  7. Wär et aus Transparenzgrënn an am Sënn vun engem konsequenten Déiereschutz bei der Hierstellung vu Fleeschprodukter net wichteg, Kameraen op de Schluechtsitten ze installéieren? Falls dëst schonn de Fall ass, wien traitéiert dat Videomaterial a wéi vill Verstéiss goufen iwwert dee Wee nodréiglech festgestallt? 
  8. Wéi eng weider Schrëtt wäert de Minister ënnerhuelen, fir dass d’Déiereschutzgesetz agehale gëtt an d’Wuel vum Déier och an de Schluechthaiser garantéiert ka ginn? 

Opgepasst: de folgende Video weist d’Zeen, déi uewen an der Fro beschriwwen ass. Falls dir sensibel op Blutt oder Gewalt reagéiert, da kuckt dëse Video net!

Attention: la scène suivante contient des éléments de violence et du sang. Il n’est pas recommandé aux personnes sensibles de regarder cette vidéo.

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert