ACCOUNT

Froen zu der Aarbecht vun der Veterinärsinspektioun

Yellow labrador retriever on the walk in rural landscape. Dog is holding his plush toy of the dog in mouth.

Mam d’Gesetz vum 14te Juli 2015 ass d’Veterinärsinspektioun an d’Liewe geruff ginn. Dës Verwaltung huet als Missioun, ze kontrolléieren, dass déi bestoend Gesetzer iwwert den Ëmgang mat Hausdéieren, Notzdéieren an och Déiereproduiten agehale ginn. D’Aufgabefeld vun der Veterinärsverwaltung ass deementspriechend grouss an d’Erausfuerderungen am Alldag oft ganz verschidden.  An deem Zesummenhang hu mir dem Minister… Continue reading Froen zu der Aarbecht vun der Veterinärsinspektioun

Déiereschutz an de Schluechthaiser – wéi gutt gëtt kontrolléiert?

Head of one of dairy cows from kettle farm between two metallic bars looking at you

Op de soziale Medien zirkuléiert ee Video, an dem d’Schluechtprozedur an engem Schluechthaus zu Lëtzebuerg opgehol gouf. D’Szeen gouf verstoppt gedréint a weist de Raum, wou d’Déieren zerluecht ginn.  Am Video ass kloer ze gesinn, wéi eng Kouh ouni Betäubung dout gemaach ginn ass. De Video weist wéi d’Déier, wat nach gelieft huet an nach… Continue reading Déiereschutz an de Schluechthaiser – wéi gutt gëtt kontrolléiert?

Keng Pestiziden, keng Antibiotiken, keng OGMen – en neit Label fir d’Landwirtschaft?

Young smiling agriculture woman worker in front and colleague and a crate of tomatoes, working, harvesting tomatoes in greenhouse.

Bei ville Fleechproduiten, déi net explizit e Biolabel droen, ass et de Consommateuren net méiglech nozevollzéien, wéi d’Déiere gehalen a gefiddert gi sinn. Esou kommen ëmmer nach vill Produiten op de Marché, déi vun Déiere kommen, déi Antibiotikatraitementer, engem Fudder mat héijem Pestizidgehalt an/oder enger Fidderung mat OGM-Produiten ausgesat waren, ouni, dass dëst de Consommateuren… Continue reading Keng Pestiziden, keng Antibiotiken, keng OGMen – en neit Label fir d’Landwirtschaft?

Wou bleiwen d’Remboursementer vun der CMFEP?

Stack of documents on the desk and male employee working on background

Mir haate schonns am Juni d’Fro gestallt, firwat d’Remboursementer vun der CMFEP esou laang op sech waarde loossen. Demols haat de Minister geäntwert, dass d’Delaien am Schnëtt ronn 5 Woche bedroen a sech an Zukunft verkierze wäerten. Mir hu nach eng Kéier nogefrot. Eisen Informatiounen no kënnt et aktuell bei der « Caisse de Maladie… Continue reading Wou bleiwen d’Remboursementer vun der CMFEP?

Oftransport vu verstuerwenen Notzdéieren

agriculture industry, farming and animal husbandry concept - herd of cows in cowshed on dairy farm

Eng eenzeg Aktiëgesellschaft huet op Basis vun engem Ofkommes mam Staat d’Aufgab sech em d’Déirekierperbesäitegung zu Lëtzebuerg ze këmmeren. Falls z. B. eng Kou oder e Päerd verstiewt, kennen d’Baueren d’Gesellschaft kontaktéiren, déi d’Déier dann innerhalb vun 24 Stonnen (ausser u Feierdeeg a Sonndeger) oofhuele soll. Fir dass d’Entreprise d’Déier méiglechst schnell oofhuele kann, stellt… Continue reading Oftransport vu verstuerwenen Notzdéieren

Eng Fro am Kader vun der Schwéngspescht

Am Kader vun der fräier Juegd op Wëllschwäin huet de Landwirtschaftsministère an engem Communiqué erkläert, dass 226 Wëllschwäin negativ op d’Schwéngspescht getest goufen. D’Schwéngspescht ass also nach net zu Lëtzebuerg ukomm. Dat erkläert allerdéngs net d’Doudesursaach vun de Schwäin, soudass mir genee dëst vun den zoustännege Ministere wësse wëllen. Hei ass eis parlamentaresch Fro: Här President, Sou… Continue reading Eng Fro am Kader vun der Schwéngspescht

Problemer bei der Vermëttlung vun Déiren, déi eng Amputatioun erlidden hunn

Feelt engem Hond oder enger Katz e Stéck vum Schwanz, ass et Déiereschutzorganisatiounen opgrond vun der aktueller Gesetzeslag oft net méiglech dës Déieren an eng Famill ze vermëttelen. Mir wollten vun der Regierung wëssen, ob een d’Aarbecht vun Déiereschutzorganisatiounen an dësem Beräich net besser ënnerstëtzen kéint. Den Artikel 11 vum lëtzebuergeschen Déiereschutzgesetz hält zesumme mam… Continue reading Problemer bei der Vermëttlung vun Déiren, déi eng Amputatioun erlidden hunn

D’Auxiliaires de Vie goufe vergiess

Schonn zënter leschtem Joer ass der Regierung bekannt, datt hinnen mam Reglement vum 13. Dezember 2017 e Feeler Ënnerlaf ass. Et ass vergiess ginn d’Auxiliaires de Vie an dësen Text opzehuelen. Trotzdeem ass dëse Feeler bis haut net behuewe ginn. Wisou net? Dat hunn mir eis och gefrot a beim zoustännege Minister nogefrot.  Am Folgende… Continue reading D’Auxiliaires de Vie goufe vergiess