Wunne fir 10€ pro m2

Context: Logementskris

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • dass Wunnen ee Recht ass, datt am Artikel 31 vun der europäescher Sozialcharta wéi folgt festgehalen ass:
    “Um die wirksame Ausübung des Rechts auf Wohnung zu gewährleisten, verpflichten sich die Vertragsparteien, Maßnahmen zu ergreifen, die darauf gerichtet sind:
    1) den Zugang zu Wohnraum mit ausreichendem Standard zu fördern;
    2) der Obdachlosigkeit vorzubeugen und sie mit dem Ziel der schrittweisen Beseitigung abzubauen;
    3) die Wohnkosten für Personen, die nicht über ausreichende Mittel verfügen, so zu gestalten, daß sie tragbar sind”;
  • dass d’Regierung am Koalitiounsaccord 2018 fest gehalen huet: “Un nombre préoccupant de ménages n’est plus en mesure d’acquérir un logement par la voie d’achat, voire de payer les loyers du libre marché. C’est avant tout le prix du foncier qui est à la base de l’évolution rapide des prix du logement.”;
  • dass Etüde vum Observatoire du Logement weisen, dass den duerchschnëttleche Quadratmeterpräis vun engem Appartement zu Lëtzebuerg an der éischter Legislaturperiod vun der Regierung bei 4.192,00€ louch an elo am Joer 2020 bei 6.826,00€ läit, wat enger Präiserhéijung vu ronn 63% entsprécht;
  • dass déi zwee grouss ëffentlech Bauträger, de SNBHM an de Fonds du Logement hunn zesummen tëschent 2013 an 2019, ronn 1.600 Wunnengen op de Maart bruecht, wéi de Minister fir Logement op d’parlamentaresch Fro n°2869 erkläert. Am Verglach: d’Bevëlkerung zu Lëtzebuerg ass tëschent 2013 (549.700) an 2019 (626.108) ëm 76.408 Persounen an d’Luucht gaangen;
  • dass d’Bruttoinlandprodukt pro Kapp tëschent 2013 (85.270,00€) an 2019 (102.200,00€) ëm 16.930,00€ (+19%) erop gaangen a gläichzäiteg d’Indicateurs d’inégalité vum Statec weisen, datt zënter 2013 d’Schéier tëschent deene Räichsten an deenen Äermsten hei am Land ëmmer méi ausernee geet:
    Gini-Koeffizient 2013 : 0,30 vs 2018: 0,33
    Rapport interdécile 2013: 7,3 vs 2018 10,1
    Rapport intervingtile 2013: 12,8 vs 2018: 21,1;
  • dass gläichzäiteg déi “rezentsten” Zuele vum STATEC aus dem Joer 2017 weisen, datt d’Depense fir Wunnen (Logement, Waasser, Heizung, Elektrizitéit) 36,5% vun den Depense vun de Haushalten ausmaachen;
  • dass de Präis vun enger Wunneng sech aus de Käschtefacteuren Terrainspräis a Konstruktiounspräis zesummesetzt;
  • dass den Terrainspräis, jee no Gréisst vun enger Residence an am Fall, wou keng Profitorientéierung virhanden ass, sech kann degressiv op di eenzel Wunnenge verdeele, sou datt bei gréisseren Immobilien d’Käschte vun engem Appartement méi duerch de Konstruktiounspräis ewéi den Terrainspräis beaflosst ginn;
  • dass als Schlussfolgerung de Käschtepunkt vun engem Appartement vun 82 Quadratmeter jee no Unzuel vun Etagen an der Notzung vun der Terrainsfläch op manner wéi 300.000,00€ minimiséiert ka ginn an ergo eng Wunneng, ouni Gewënnofsicht vun engem private Promoteur, fir manner wéi 300.000,00€ um Marché, also fir manner wéi 10€/m2/Mount, ugebuede ka ginn;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. Der allgemenger Spekulatioun um Wunnmarché een Enn ze setzen, andeems Mesurë geholl ginn, déi dofir suergen, datt de Wunnraum fir d’Wunnen an net fir d’Spekulatioun benotzt gëtt;
  2. d’Konstruktioun vun neie Wunnenge selwer an d’Hand ze huele mam Zil, datt Wunnengen a Proportioun zu de reelle Käschten (+/-10€/m2/Mount) um Marché ugebuede ginn;
  3. ee Véierel vun de Reserve vum Pensiounsfong als Startkapital ze mobiliséieren, fir esou selwer massiv Wunnengen ze bauen an dësen Investment iwwert fix Hypothéikeprête vu maximal 2% erëm an de Pensiounsfong zeréckfléissen ze loossen.

D’Motioun huet an der Chamber keng Majoritéit fonnt.

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023