Bestoend Haiser duerch Renovatioun, Restauratioun an/oder energetesch Optimiséierungen ze erhalen, huet de Virdeel, dass vun der bestoender Bausubstanz profitéiert gëtt, ouni dass duerch en Ofrëss grouss Quantitéiten u Bauschutt ufale géifen. Zousätzlech ginn och eng ganz Rei Zäregas-Emissiounen agespuert, déi bei engem Neibau ufale géifen, a jee no Fall kann et och sinn, dass d’Erhale vun engem Haus zu der Conservatioun vum Patrimoine bäidroe kann.
Den Ëmweltimpakt vum Konstruktiounssecteur war och der Regierung bewosst, wei si 2018 an hirem Koalitiounsaccord festgehalen hat, dass:
“Le secteur immobilier et de la construction ne consomme pas seulement une part significative des combustibles fossiles, mais aussi des matériaux de construction fossile.”
D’Erhale vun existéierender Bausubstanz spillt deemno net nëmme virum Hannergrond vum Denkmalschutz, mee och am Kontext vun der nohalteger Entwécklung eng zentral Roll.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung op Basis vun enger Biergerfro, déi eis per Mail gescheckt gouf, dës Froe gestallt:
(Falls och Dir eng Fro un d’Regierung hudd, besicht: www.fro.lu)
-
Wéi vill Gebaier goufe pro Joer iwwert déi lescht 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt?
Wéi villen ofgerappte Wunnunitéiten entspriechen dës Zuele pro Joer? -
Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer ob Terraine gebaut, ob deene virdru schonns e Gebai stoung, wat am viraus huet missten ofgerappt ginn?
Wéi villen nei geschaafte Wunnunitéiten entspriechen dës Zuele pro Joer? -
Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt, déi no, bzw. am Joer 1985 gebaut goufen?
Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt, déi virun 1985 gebaut goufen?
Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt, déi virun 1950 gebaut goufen?
Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt, déi virun 1930 gebaut goufen?
Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt, déi virun 1900 gebaut goufen? -
Falls dem Ministère déi gefroten Zuelen net virleien: Op wéi eng Zuele stëtzt de Ministère seng Nohaltegkeetspolitik am Beräich vum Logement a wéi suivéiert de Ministère de potentielle Verloscht u Patrimoine immobilier?
QP Nummer 2977