D’Piraten krope sech d’Landesplanung – E puer Froën un d’Regierung

D’Landesplanung ass wichteg, fir datt sech d’Land kann an Zäite vu staarkem Wuesstëm kohärent weiderentwéckelen. D’Piraten hake bei de responsabelen Ministeren no a froen, ob d’Eegestännegkeet vun de Gemengen an Domainer wéi dem Logement, der Mobilitéit an der Landesplanung net misst iwwerduecht ginn. Zumols an den Ballungsgebidder, wéi z.b der Nordstad, hunn d’Mesüren aus der Vergaangenheet net déi néideg Wierkung gewisen. D’PIRATEN wëllen dem onkoordinnéierte Wuesstëm een Enn setzen – dat duerch eng intelligent Landesplanung.

Weiderliesen

Wéi héich ass d’Konzentratioun vun de Besëtzverhältnësser um Immobilienmarché wirklech?

De Logementsproblem verschäerft. D’Piraten hunn beim Logementsminister nogefrot, ob hien bereed wier beim LISER oder dem OBSERVATOIRE DE L’HABITAT eng Etüd realiséieren ze loossen, fir erauszefannen, wéi héich d’Konzentratioun vun de Besëtzverhältnësser um lëtzebuerger Immobilienmarché wirklech ass. Mir Piraten erhoffen eis vun esou enger Etüd eng objektiv, faktenbaséiert Diskussioun iwwert Read more…

Gemengenautnomie vs. Logementskris – ass dat nach zäitgeméiss?

De Pacte Logement 2.0 annoncéiert sech ambitiéis a soll d’Defaillancen vum viregten Pacte combléieren. D’Gemengen bleiwen awer weiderhin a wäiten Deeler autonom an hiren Decisiounen – Stéchwuert Gemengenautonomie. Virun allem d’Gemengen a Ballungsgebidder stinn virun wuessenden Erausfuerderungen. An dem Kontext hu mir der Regierung e puer Froe gestallt: Read more…