Le Grand Voyant

Reegelméisseg verdeele selwer ernannten “Grand Voyanten” oder Guruen kleng faarweg Käertercher an de Bréifkëschten zu Lëtzebuerg. Op dëse Käertercher versprieche dës Guruen eng grouss Unzuel vu Servicer fir verzweiwelte Mënschen mat hiren Alldagsproblemer ze hëllefen. Et gi reegelrecht Wonnerléisunge fir all méiglech Problemer versprach, vun der Kontaktopnam mat verstuerwene Familljemembere bis zu Léisunge fir sexuell Problemer.

Wéi vill Mënsche Gebrauch vun dësem Service maachen, ass onkloer. Kloer ass allerdéngs, dass des “Grands Voyants” eng Aktivitéit ausüben, déi evidenterweis op Profitter ausgeriet ass. Déi Mënschen, déi Gebrauch vun dëse Servicer maache, befannen sech oft a schwieregen emotionale Situatiounen, wou dat rationaalt Denken net ëmmer méiglech ass. Aus Scham trauen sech vill Leit awer dono oft net, Plainte bei der Police wéinst Bedruch ze féieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung folgend Froe gestallt:

  1. Sinn déi zoustänneg Minister um Courant vun der Werbung an den Aktivitéiten, déi vun de “Grands Voyants” ugebuede ginn?
  2. Sinn d’Aktivitéite vum Grand Voyant konform mat eise Gesetzer, bzw. ass d’Ausübung vun esou Gurusaktivitéiten zu Lëtzebuerg erlaabt?
    • Falls jo, wéi eng Autorisatioun de Commerce besetzen dës Guruen a wéi vill Guruen exerzéieren insgesamt hei zu Lëtzebuerg?
    • Falls nee, goufen et scho Kontrolle vun dëse Guruen?
  3. Consideréiert d’Konsumenteschutzministesch dës Aart vu Servicer als Scharlatanerei? Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Werbung fir esou Servicer fir misst ënnerbonne ginn?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene