“Zero Rating”: Onbegrenzten Datevolume fir just e puer Apps

Verschidden Telekommunikatiounsubidder erméiglechen et hire Clienten Abonnementer ofzeschléissen, bei deene gewëssen Apps oder Websäite kenne benotzt ginn, ouni dass dës den Datevolume, deen engem pro Mount zu Verfügung steet, reduzéiere géifen. Souguer wann ee Client säin Datevolume ganz opgebraucht huet, kann ën des Apps a Websäiten nach weider benotzen, ouni dass zousätzlech Käschte géifen ufalen. Dës Méiglechkeet vum “Zero Rating” gëtt et zu Lëtzebuerg beispillsweis fir verschidde Sozialmedien, en Noriichteportal an och fir e puer grouss Musek- a Filmstreamingdéngschter. Wärend d’Consommateuren d’Applikatiounen an d’Websäite vun e puer groussen Ubidder also ouni Aschränkungen benotze kennen, gi Visitten ob Websäite vu klenge Startups vum Datevolumen ofgezunn. Esou stellt sech d’Fro, ob de Zero-Rating net innovatiounsschiedlech kéint sinn an eng Form vun deloyaler Konkurrenz duerstellt. 

De 15. September 2020 huet d’Cour de justice de l’Union européenne an dësem Kontext eng préjudicielle Fro zu dësem Thema tranchéiert, déi den ungareschen Äquivalent vum ILR, Telenor, concernéiert huet. Konkret geet et am Arrêt zu den Affären C‑807/18 a C‑39/19 (Ref.: ECLI:EU:C:2020:708) em d’Fro ob de sougenannten “Zero Rating” mam Artikel 3 vum Reglement 2015/2120 vum 25. November 2015 kompatibel ass.

Wéi de Minister sech sécherlech erënnert, hunn ech well an der parlamentarescher Fro N° 308 vum 4. Februar 2019 d’Thema vum “Zero Rating” ugeschwat a krut vun der Regierung folgend Äntwert: “De BEREC plangt dës Netz-Neutralitéit-Richtlinnen 2019 ze aktualiséieren, an eng präzis Schrëtt-fir-Schrëtt Uleedung virzegesinn, fir Zero-Rating Offeren ze evaluéieren. Ausserdeem wäerten nei Variante vun Zéro Rating Offeren adresséiert an analyséiert ginn”.
 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister Kenntnis vum Urteel vum CJUE vum 15. September 2020?

  2. An der Äntwert op d’Fro N° 308 huet d’Regierung geäntwert “Den Zéro Rating ass eng pratique commerciale, déi net verbueden ass, mee déi illicite ka sinn, wa se duerch hiren Ëmfang de Choix an den Accès vum Consommateur an der Praxis materiell aschrankt.”

    Wéi ännert den Arrêt vun der CJUE dem Minister seng Interpretatioun?

  3. An der Äntwert op d’Fro N° 308 huet d’Regierung och op de Rôle vum ILR verwisen. Dësen huet a sengem Rapport fir 2019 geschriwwen “Pour ce [s’assurer que les opérateurs se conforment à la réglementation en vigueur en matière de neutralité de l’Internet] faire, l’Institut a organisé plusieurs réunions bilatérales notamment pour évaluer la  conformité d’une offre de zéro rating avec les dispositions du règlement susmentionné.”

    Huet de Minister Kenntnis vun de Resultater vun dëse Reuniounen? Wéi huet d’Offer u Zero-Rating-Produiten zu Lëtzebuerg säit Enn 2018 evoluéiert?

  4. E weidert Zitat aus der Äntwert op d’Fro 308 ass: “Den ILR huet 2017 an 2018 e Joresrapport iwwert seng Aktivitéiten am Kader vun der Netzneutralitéit publizéiert, aus deenen net erausgeet, dass den Zero Rating en negativen Effekt op d’Präisentwécklung am mobille Marché zu Lëtzebuerg huet.”

    Am Rapport 2019 feelen all Hiweiser op esou eng Feststellung, hält de Minister weiderhin un dëser Positioun fest?

  5. De BEREC huet mëttlerweil seng nei Guidelines verëffentlecht an schreift am Punkt 55 “In case of agreements or practices involving technical discrimination, this would constitute unequal treatment which would not be compatible with Article 3(3). This holds in particular for the following examples: […] A zero-rating offer where all applications are blocked (or slowed down) once the data cap is reached except for the zero-rated application(s), as it would infringe Article 3(3) first (and third) subparagraph.”

    Wéi eng Konsequenzen zitt d’Regierung aus dëser Feststellung, sachant datt mindestens nach een Operateur zu Lëtzebuerg eng Offer huet, bei där verschidden Applikatioune bevirdeelegt ginn?

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in