No eiser éischter Fro zu de Präiserhéijunge bei der SNCT, hunn d’Piraten de Ministere fir Konsumenteschutz & Mobilitéit eng weider parlamentaresch Fro iwwert d’Tariffer bei der SNCT gestallt, dës Kéier mam Fokus op de Konsumenteschutz.
Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:
D’Union des Consommateurs Luxembourgeois (ULC) fuerdert an engem Communiqué vum 4te Februar 2019 déi rezent Präishausse vun den Tariffer direkt réckgängeg ze maachen. D’Präiserhéijung trëfft virun allem Konsumente mat niddrege Léin. Dës Präishausse verwonnert demno, well d’SNCT an hire Grondsätz de Konsumenteschutz als eng vun hire Prioritéiten definéiert.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen
- Wäert d’Madamm Ministesch eppes ënnerhuelen, fir der Fuerderung vun der ULC Rechnung ze droen? Wa jo, ënnert wéi enger Form? Falls nee, firwat net?
- Wëssend, dass de Contrôle Technique vun engem Gefier vum Gesetz virgeschriwwen ass, ass déi néi Tarifikatioun bei der SNCT S.A. der Madamm Ministesch no vereenbar mat enger glafwierdeger a konsequenter Protektioun vum Konsument ?
- Goufen et am Virfeld vun dëser Präishausse Gespréicher tëscht dem Transportminister an der Ministesch fir Konsumenteschutz ?
- Ass den Dialog tëscht béide Ministèren an dëser Saach séchergestallt gewiescht ? Wat fir eng Konklusioune sinn aus deene Gespréicher gezu ginn?
- Wéi gedenkt d’Regierung an Zukunft den Automobilist virun esou drastesche Präishaussen ze schützen ?
Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député