Speziell Nummereschëlter fir Elektrogefierer?

U waarmen Deeg gëtt d’Vitesslimitatioun ob den Autobunnen oft ob 90km/h erofgesat. Och Elektroautoen, déi eigentlech net zu enger Erhéijung vun den Ozonwäerter bäidroen, mussen sech un dës Limitt halen. Dat geet aus der Äntwert vum Mobilitéitsminister op d’parlamentaresch Fro Nummer 960 vum Deputéierte Marc Goergen ervir, an där hie schreift, datt ënnerschiddlech Vitesslimitatioune Read more…

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA, der SNCH an dem SNCT wierklech?

Well de Mobilitéitsminister eis net zefriddestellend ob eis parlamentaresch Fro iwwert de staatlechen Afloss an de Conseils d‘Administration vum SNCT, der SNCA an der SNCH geäntwert huet, froe mir nach emol no. Den honorabelen Här Minister Bausch huet a senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°427 zum engen net op Read more…

D’Präiserhéijunge vun der SNCT

No eiser éischter Fro zu de Präiserhéijunge bei der SNCT, hunn d’Piraten de Ministere fir Konsumenteschutz & Mobilitéit eng weider parlamentaresch Fro iwwert d’Tariffer bei der SNCT gestallt, dës Kéier mam Fokus op de Konsumenteschutz. Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro: D’Union des Consommateurs Luxembourgeois (ULC) fuerdert an Read more…

Präiserhéijunge bei der SNCT

Wéi op der Website vun der SNCT publizéiert, sinn d’Präisser vum Contrôle Technique an d’Luucht gaangen. Esou ginn innerhalb vun engem Joer den Dreifstoff an de Contrôle Technique méi deier. D’Pirate stelle fest, dass déi Erhéijunge gutt an déi aktuell Anti-Auto-Politik vun eiser Regierung passen. Dofir hu mer dem Minister fir Mobilitéit Read more…