FRO.LU: Wëll Reklammen an eng voll Bréifkëscht

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Gesetz vum 26ten Dezember 2012 ass festgeluecht, dass d’Léit kënne fräi decidéieren ob si Reklamme wëllen an hier Bréifkëscht kréien oder net. Dëst Verbuet gëtt awer ëmmer erëm ignoréiert a vill Léit déi u sech een “keng Reklamme w.e.g.”-Schëld hunn, fanne weiderhin all Dag Reklammen an hirer Boîte a wëssen net, wéi se sech dogéint wiere kënnen. Obwuel dëst d’Gesetz virgesäit, dass d’Leit keng Reklamme mussen unhuelen ass keng Strof virgesinn.
 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir Méiglechkeeten hunn d’privat Persoune, fir sech géint dës “wëll” Reklammen ze wieren?

  2. Firwat gëtt et keng legal Mëttel, fir géint dës Reklamme virzegoen? Schafft de Ministère am Moment un esou enger Méiglechkeet?

  3. Wéi gedenken Ministère derfir ze suergen, datt de Verbuet vu Reklammen tatsächlech agehaale gët? 

  4. Um Site vum Institut Luxembourgeois de Régulaton: “Aucun moyen d’action n’est légalement prévu. La mission générale de l’ILR vise à assurer la protection des usagers en matière de services postaux. Le contrôle exercé par l’ILR est limité aux prestataires de services postaux et donc par définition aux entreprises exploitant un service postal, qui consiste en la levée, le tri, l’acheminement et la distribution des envois postaux.” Zéien d’Ministeren a Betruecht d’Kompetenz vum der ILR oder enger anerer Administratioun op dëse Fall ze erweideren? Falls net firwat net?

Fro n°2813

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2813

Zesummenhang posts

D’Piraten hunn dofir gekämpft, dass d’Kandidaten déi wëlle Lëschten op de Gemenge fir d’Gemengewalen deposéieren, dës och als Wieler mat dierfen ënnerschreiwen. Et brauch ee 50 Ënnerschrëfte
Een Artikel op der Website correctiv.org beriicht, dass eng zu Lëtzebuerg usässeg Firma matgewierkt huet, fir medial Inhalter vum verbuedene russesche Sender Russia Today
Den 8. Mai 2019 huet de Minister fir Bannenzeg Sécherheet d’Statutte vun engem Groupement d’intérêt économique (GIE) mam Numm “Agence luxembourgeoise pour la promotion