Oftransport vu verstuerwenen Notzdéieren

Eng eenzeg Aktiëgesellschaft huet op Basis vun engem Ofkommes mam Staat d’Aufgab sech em d’Déirekierperbesäitegung zu Lëtzebuerg ze këmmeren. Falls z. B. eng Kou oder e Päerd verstiewt, kennen d’Baueren d’Gesellschaft kontaktéiren, déi d’Déier dann innerhalb vun 24 Stonnen (ausser u Feierdeeg a Sonndeger) oofhuele soll. Fir dass d’Entreprise d’Déier méiglechst schnell oofhuele kann, stellt si hier Clienten un, d’Déiren esou ze déposéiren, dass se vun der Strooss aus kënne gesi ginn. Dëst vereinfacht engersäits sécherlech d’Aarbecht vum Asammelen, bréngt aanerersäits awer och eng ganz Rei Onanhemlechkeeten fir d’Clienten an hiert Emfeld mat séch.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Landwirtschaftsminister dës Froe gestallt:

  • Wéi kontrolléiert de Ministère, ob déi virgesinne Frist vu 24 Stonnen och agehaale gett?
  • Wéi vill Reclammatiounen wéins engem verspéiten Asammelen vun Déirekadaver sinn dem Landwirtschaftsministère bekannt?
  • Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Viraussetzung d’Déirekadaver noutwënnegerweis mussen esou ze déposéiren, dass se vun der Strooss aus sichtbar sinn, opgrond vu Problemer ewéi Gerochtsbelästegung an Insektebildung sollt oofgeschaaft ginn, an dass d’Déposéiren vun Déirekadaver op oppenen an asichtege Flächen ganz allgeméng sollt verbuede ginn?
  • Weess de Minister, wéi vill Déieren an de leschten 10 Joer pro Joer ofgeholl gi sinn?
    Em wéi eng Aarten huet et sech do jeeweils gehandelt?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen