D’Pirate setzen sech an fir ee staarken Déiereschutz an Europa. Lauschtert hei engem vun eise Kandidaten fir d’Europawalen, dem Daniel Frères, seng Ried zum Punkt Déiereschutz:
Léif Matbierger,
Mir Pirate setzen eis dofir an, dass den Déiereschutz déi Platz an der Gesellschaft kritt, deen e verdéngt.
An der Groussregioun an a ganz Europa setzen ech mech zënter Joren fir d’Wuel vun den Déieren an.
Ech schwätzen ech net nëmmen dovunner, mee ech handelen och! An dëst all Dag.
Eng vu mengen schlëmmsten Erfarungen als Déiereschützer hunn ech a Rumänien gemaacht. Hei hunn ech 75 Hënn aus engem Tötungsstatioun erausgeholl. D’Konditiounen an dëser Tötungsstatioun ware schrecklech. D’Déiere lungen an hiren eegenen Exkrementer, hunn sech selwer opginn a just nach op den Doud gewaart.
Ech sinn extrem traureg, well Déieren an Europa leiden an eis demokratesch gewielten Instanzen an Europa näischt dogéint ënnerhuelen. Eis Politiker maache gewollt d’Aen virun dësem Problem zou. Wéi sou oft, si finanziell Interêten dohanner.
Genau dat wëlle mir Piraten anescht maachen. Mat ärer Stëmm gitt där eis d’Méiglechkeet eppes fir d’Wuel vun den Déieren ze maachen.
Mir Pirate soen, et ass Schluss ass mat der Déierequälerei. D’Déiereschutzgesetzer mussen an all EU-Land endlech respektéiert ginn.
Mer fuerderen eng honnertprozenteg transparent Opklärung wat Hierkonft vun eisem Fleesch ubelaangt a mer setzen eis dofir an, dass Bioprodukter TVA-fräi solle ginn.
Wat d’Klappjuegd ubelaangt, déi gehéiert ofgeschaaft! Mir liewe net méi am Mëttelalter, mee am 21te Joerhonnert. Iwwer 60% vun den Déieren, déi op enger Klappjuegd geschoss ginn, schleefen sech nach stonnelaang, oder deeglaang duerch d’Bëscher, bis se qualvoll, elendeg zu Gronn ginn.
D’Déierentransporter duerch Europa mussen zu honnert Prozent kontrolléiert ginn! Laut Statistiken hu mer 1%, déi eventuell kontrolléiert ginn. Et däerf net sinn, dass Déieren ouni Kontrollen dausende Kilometer duerch Europa transportéiert ginn an dëst ganz oft ouni Fudder an ouni Waasser an alt erëm just aus ekonomesche Grënn.
Schluechthaiser an Europa sollen vun de nationale Veterinärsinspektiounen kontrolléiert ginn. An do wou d’Déieren dout gemaach ginn, solle Kameraen opgehaange ginn, fir dass sou eng Kontroll doriwwer ka gemaach ginn.
Déierenziichter, aus all den EU-Länner, mussen an engem Handelsregister ageschriwwe ginn esou wéi eng Steiernummer an eng Autorisatioun vun den eenzelen Veterinärsinspektiounen hunn.
D’ Läit, déi mengen, si kéinte mat Déiere maache, wat se wëllen, musse mer mat klore Strofe weisen, dass d’Déierequälerei net méi toleréiert gëtt.
Op Notzdéieren, Hausdéieren oder Wëlldéieren, är Stëmm bei de Piraten ass eng Stëmm fir den Déiereschutz.
Et geet endlech duer mat der Déierequälerei !
Ech soen Iech Merci.