Implikatiounen zum Urteel vum EuGH betreffend de Privacy Shield

A sengem Urteel vum 16te Juli 2020 huet den Europäesche Geriichtshaff den EU-US-Dateschutzschild (Privacy Shield) fir ongëlteg erkläert. Domadder verléieren all d’Datentransferten tëschent der EU an den USA, déi hier Legalitéit duerch d’Decisioun vun der EU-Kommissioun vum 12te Juli 2016 haten, hier legal Dosinnsberechtegung. D’Urteel vum EuGH féiert dozou, dat de Privacy Shield iwwerduecht muss ginn an, datt an der Tëschenzäit illegal Datentransferte vun den EU-Memberlänner ënnerbonne ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Erkennt d’Regierung d’Urteel vum EuGH un? Falls jo, wéi eng Konsequenze wäert si doraus zéien, fir dat keng Benotzerdonnéeë méi vu Lëtzebuerg an d’USA transferéiert kënne ginn?

  2. Ass garantéiert, datt all staatlech Instanzen dem Uerteel Rechnung droen a keng Plattformen, Outilen oder Logicielle benotzt ginn, déi Daten illegal an d’USA iwwerdroen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2658

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen