D’Piraten wëllen erëm een Europa vun den oppene Grenzen!

D’Deputéierte vun de Piraten, Marc Goergen a Sven Clement, hu fir den Europadag den 9te Mee, zesumme mam Réimecher Piraten–Gemengeconseiller, Daniel Frères, een Zeeche gesat, fir een Europa vun den oppene Grenzen.

Viru genee 75 Joer huet Nazi-Däitschland offiziell kapituléiert. Zanterdeem, liewe mir zu Lëtzebuerg dank der europäescher Konstruktioun a Fridden a Wuelstand. Fir een Zeechen am Sënn vum europäesche Friddensprojet an oppene Grenzen ze setzen, hunn d’Piraten sech op de Brécken zu Réimech an zu Schengen afonnt. Mat dëser Aktioun wëllen si d’Wichtegkeet vun engem gëeenten Europa ënnersträichen.

Den Daniel Frères huet dobäi betount: “Mir wëllen erëm eist Europa vun den oppene Grenzen zeréck, wou gemeinsam no Léisungengesicht gëtt. Grad an dësem Moment gesi mer: Lëtzebuerg brauch een Europa vun den oppene Grenzen, sos si mer isoléiert! Et däerf net sinn, dass d’Bierger an der Groussregioun vunenee getrennt sinn!”

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen