Mënscherechtssituatioun vu Flüchtlingen a Griicheland

An engem Artikel an der New York Times vum 14ten August 2020 ass vun enger immens repressiver Approche vun der griichescher Flüchtlingspolitik ze liesen. Zeieberichter no goufen an de leschte Méint eng dausende Flüchtlinge vun de griicheschen Uerdnungskräften aus dem Land Richtung Tierkei zeréckbruecht an dat deelweis op oppenem Mier an iwwerfëlltene Booter. Schonn den Human Rights Watch hat de 16te Juli 2020 vu mënschenonwierdege Prozedure beriicht, déi d’Flüchtlingen a Griicheland iwwert sech ergoe loosse mussen: Zerstéierung vu perséinlechem Eegentum, wéineg bis keng Precautiounsmesurë fir d’Leit géint de Covid-19 ze schützen an d’Zwangsexpulsiounen, déi ganz a guer net am Aklang mam Asylrecht sinn. Bref, d’Mënscherechtssituatioun vun de Flüchtlingen a Griicheland, sou wéi se vun der onofhängeger Organisatioun beschriwwe gëtt, wierkt katastrophal an indigne. Dofir ass awer net nëmme Griicheland eleng responsabel, mee all d’EU-Staaten an och Lëtzebuerg. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass den Ausseminister um Courant vun esou schwéiere Mënscherechtsverletzungen a Griicheland a kann hien d’Veracitéit vun de Berichter bestätegen? Wéi eng weider Konsequenze wäert den Ausseminister zesumme mat der Regierung an deem Abléck zéien? 

  2. Sinn d’Praxissen, wéi Griicheland se no de Berichter duerchféiert, konform mam europäeschen Asylrecht a mat de Mënscherechter? Däerf ee Staat Asylbewerber (DPIen) einfach esou op oppenem Mier aussetzen?

  3. Op EU-Niveau ass ëmmer erëm vun de Sécherung vun de Baussegrenze rieds, ma wéineg iwwert den Accueil an d’Wuelergoe vun de Flüchtlingen. Och d’Reform vum Asylrecht schéngt op Äis ze leien. Ass den Ausseminister der Meenung, dass Lëtzebuerg an dësen Zäiten Griicheland a senger Aufgab Flüchtlingen ze empfänke besser hëllefe muss, andeems méi Ressourcen aus eisem Budget fir d’Flüchtlingspolitik prett gemaach ginn a kontrolléiert gëtt, datt d’Suen am Nachhinein och fir d’Flüchtlinge benotzt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2707

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in