Adaptéiert Prime fir d’Elektromobilitéit

Context: Elektromobilitéit  D’Deputéiertechamber stellt fest: dass den europäesche Klima- an Energiepak fir 2020 an den europäesche klima- an energiepolitesche Kader fir 2030 virgesinn, den Energieverbrauch an de Memberstaaten ze senken. dass d’Regierung eegenen Aussoen no, eng ambitiéis, innovativ a sozial gerecht Klimapolitik bedreiwe well. dass d’Regierung sech zum Ziel gesat huet, bis 2030 Read more…

Luxair Flotte

Déi national Fluchgesellschaft Luxair wäert an noer Zukunft viru groussen Erausfuerderunge stoen an domadder natierlech och de Lëtzebuerger Staat als ee vun den Haaptaktionäre bei Luxair. Dëse Wandel kann awer eng Chance fir d’Airline duerstellen an fir hiert Fluchmaterial méi ëmweltfrëndlech ze gestalten. D’Luxair Fligerflott setzt sech zum Deel aus Read more…

Waasserverbrauch 2020?

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2152 hat d’Regierung Auskonft iwwert d’Drénkwaasserreserven zu Lëtzebuerg ginn. Duerch Coronapandemie verreese manner Leit dëst Joer an et ass dovunner auszegoen, dass de Waasserverbrauch elo an de Summerméint, speziell an dëser Hëtztwell, an d’Luucht geet. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe Read more…

Molbeem

Um Internetsite vun der Naturverwaltung ass betreffend den Arbres remarquables Folgendes ze liesen : “Les arbres remarquables constituent un patrimoine naturel, culturel et historique à part entière. Afin d’en promouvoir la conservation, le Ministère du Développement Durable et des Infrastructures peut allouer des subsides pour les travaux d’entretien et de Read more…

D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an iwwert de Stellewäert vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg.

Communiqué iwwert d’Muffelen zu Iechternach D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an iwwert de Stellewäert vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg. D‘Ëmweltministesch bemierkt an der Äntwert op d’Question parlementaire n° 1746 vum Marc Goergen, datt d’Muffelproblematik zu Iechternach een « juegdleche » Problem ass an deemno och sollt iwwert d‘Juegdgesetz geléist Read more…

Voll Bréifkëschten a vill Dreck – gehéiert Werbung an der Bréifkëscht ofgeschaaft?

Verschidde Stied an Holland hunn säit knapps engem Joer hir Quantitéiten u Pabeieroffäll duerch eng simpel Mesure reduzéiert, wéi verschidden Zeitungen am Ausland beriichten. Deemno kënnen Haushälter an Holland duerch een Opt-in decidéieren, ob si wëlle Werbung a Form vu Pabeier an hier Bréifboîte gehäit kréien. Dofir mussen si nëmmen op hirer Bréifboîte uginn, dass si Werbung Read more…