ACCOUNT

Juegdsyndikater – Eng Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°2703 hat ech mech iwwert d’Juegdsyndikater informéiert. Op Basis vun der Äntwert vun der Ministesch hu mir der Regierung weider Froen zu dësem Thema gestallt: Op d’Fro 1.7 iwwert d’Remuneratioun vum Secrétaire-Trésorier zitéiert d’Ministesch den Artikel 28 Alinea 2 vum Juegdgesetz, dat beseet, dass d’Remuneratioun vum Deel « droit spécial »… Continue reading Juegdsyndikater – Eng Nofro

Juegdsyndikater

Slovenian landscape at sunset with observation hide tower for hunting

D’Juegdgesetz reegelt de Fonctionnement vun de Juegdsyndikater an d’Andeelung vum lëtzebuergeschen Territoire a Juegdlouser. Dës insgesamt 621 Juegdlouser gi vun de jeeweilege Juegdsyndikater, an deenen d’Terrainsbesëtzer vum Juegdlous matstëmmen, a Pachtverträg u Locataire verlount, déi dann op dësem Lous joen däerfen. All Juegdsyndikat huet an deem Abléck verschidde Fliichten, déi ze erfëlle sinn. Dozou gehéiert… Continue reading Juegdsyndikater

Héichsëtzer zu Lëtzebuerg

D’Gesetz 25 Mee 2011 reegelt an de grousse Linnen d’Aspekter vun der Juegd. Beim Duerchliese vum Text fält op, dass am Gesetz wéineg Dispositiounen zu der Juegd vun engem Héichsëtz aus existéieren. Ausser dem Artikel 10 wou vun der “chasse à l’affût” rieds ass, fënnt een am Gesetz näischt zu de Bestëmmunge vun den Héichsëtzer. … Continue reading Héichsëtzer zu Lëtzebuerg

Liewen a liewen loossen – Wéi geet et weider mat de Muffelen?

Kritt de Muffel éiere mam Wollef een natierlech Feind? D’Pirate wënschen sech nach ëmmer eng déiereschutz gerecht Léisung fir d’Muffelen. D’Juegd op dës flénk Déieren ass komplizéiert. Mir fuerderen eng koherent Approche am Muffel-Dossier. Sou wéi am Moment kann et net weider goen. Fir all bedeelegten ass déi aktuell Situatioun net ze droen. D’Ministesch huet… Continue reading Liewen a liewen loossen – Wéi geet et weider mat de Muffelen?

D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an iwwert de Stellewäert vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg.

Communiqué iwwert d’Muffelen zu Iechternach D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an iwwert de Stellewäert vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg. D‘Ëmweltministesch bemierkt an der Äntwert op d’Question parlementaire n° 1746 vum Marc Goergen, datt d’Muffelproblematik zu Iechternach een « juegdleche » Problem ass an deemno och sollt iwwert d‘Juegdgesetz geléist ginn. D’Pirate gesinn de Problem… Continue reading D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an iwwert de Stellewäert vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg.

Ee Juegdverbuet op sengem Terrain ufroen

Am Juegdgesetz ass virgesinn, dass d’Juegd op private Grondstécker ka verbuede ginn, wann den Terrainsbesëtzer aus ethesche Grënn d’Juegd net ënnerstëtzt.* Dat geet ganz einfach iwwert eng schrëftlech Demande un d’Forst- an Naturverwaltung. D’Demande muss schrëftlech gemaach ginn an et muss erauszeliese sinn, firwat, dass een d’Juegd op sengem Terrain net erlabe wëll. Den Interesséierte… Continue reading Ee Juegdverbuet op sengem Terrain ufroen

Wéi gutt gëtt d’Fleesch vum Wëld kontrolléiert?

Anxious Roe Deer (Capreolus capreolus) looking afraid for being hunted

An der Hierschtsaison bidde vill gastronomesch Betriber Wëldfleesch un, wat zu Lëtzebuerg geschoss a verschafft gouf. Dëst Fleesch däerf fir de Commerce a fir d’Produktioun vun Iesswuere benotzt ginn.  D’Juegdgesetz reegelt an dem Kontext den Ëmgank mat Déieren, déi geschoss goufen. Dat geschossent Déier muss virum Ofliwweren an d’Schluechthaus ausgeholl a markéiert ginn. D’Kontroll vum… Continue reading Wéi gutt gëtt d’Fleesch vum Wëld kontrolléiert?

Iwwert d’Juegdpraxis

Firwat ginn haut nach Léit op d’Juegd a brauche mir wierklech Klappjuegten? Fréier war d’Juegd wichteg, fir d’mënschlecht Iwwerliewen ze sécheren. Haut ass se just nach d’Konsequenz vun enger iwwert Joerhonnerten undauernder Respektlosegkeet vis-à-vis vun der Natur. D’Europäer hunn an hirem Drang no Räichtum a Wuesstem dat natierlecht Gläichgewiicht gestéiert, verschidden Aarten ausgerott an anerer ausgesat a… Continue reading Iwwert d’Juegdpraxis

Kontrolle vu Juegdschäiner

Close-up of a hunter hands loading his shotgun.

Am Kapitel 9 vum Juegdgesetz ass festgehalen wéi de Juegdschäin (Permis de chasse) zu Lëtzebuerg ausgestallt gëtt. An dësem Gesetz ass iwwerdeems virgesinn, dass den zoustännege Minister engem Jeeër de Juegdschäin a bestëmmte Fäll kann entzéihen.  An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen: D’Artikelen 61 bis 65 ernimmen déi verschidde Juegdschäiner, déi… Continue reading Kontrolle vu Juegdschäiner

De Wollef zu Lëtzebuerg?

European grey Wolf (Canis lupus) peeking throug leaves vegetation in natural forest habitat looking looking for prey, eye contact

Kréie mir de Wollef op Lëtzebuerg zeréck? Mir hunn d’Regierung gefrot, ob déi zoustänneg Administratioune schonn ee Plang hunn fir déi wëll Fauna erëm an eis Bëscher ze integréieren. Déi europäesch Fauna huet an de leschte Jore fir e puer positiv Iwwerraschunge gesuergt. Wéi verschidde Medie beriichten, goufen an den Ardennen, net wäit vu Lëtzebuerg,… Continue reading De Wollef zu Lëtzebuerg?