Luxair Flotte

Déi national Fluchgesellschaft Luxair wäert an noer Zukunft viru groussen Erausfuerderunge stoen an domadder natierlech och de Lëtzebuerger Staat als ee vun den Haaptaktionäre bei Luxair. Dëse Wandel kann awer eng Chance fir d’Airline duerstellen an fir hiert Fluchmaterial méi ëmweltfrëndlech ze gestalten. D’Luxair Fligerflott setzt sech zum Deel aus Modeller wéi der Boeing 737-700/800 (Next Generation) mat enger Kapazitéit vu méi wéi 90 Passagéier zesummen. Kuckt een awer d’Auslaaschtung vun 2018, 2019 an och 2020, esou stellt ee fest, datt d’Boeing 737 quasi nëmmen op Luxair-Tours-Flich voll ausgelaascht ass (mat 189 Passagéier).  Fir aner Linnen, déi éischter op Leisure- a Business-Passagéier ofzielen, wären deemno Maschinne mat ronn 90 bis 140 Passagéier besser gëeegent. Et ass och gewosst, dass eng Boeing 737NG net méi den aktuellsten Technikstandarden entsprécht an deemno de Verbrauch entspriechend méi héich leit wéi bei neie Modeller. Dëst féiert deemno och zu engem méi héijen CO2-Ausstouss an doriwwer eraus produzéieren d’Maschinne méi Kaméidi am Ufluch op den Findel.  

Um Aviatiounmaart ginn et nei Modeller, wéi zum Beispill den Airbus A220, eng europäesch Produktioun, déi bis zu 25% manner Kerosin verbraucht (a konsequenterweis och manner d’CO2-Emissioune produzéiert). Dësen Airbus-Typ ass op 100 bis 150 Passagéier ausgeriicht an huet eng vergläichbar Autonomie ewéi d’Fligeren aus der Boeing-737-NG-Famill, wat bei de Strecken, déi Luxair ubitt, duerchaus duer geet. Den Airbus A220 kann zousätzlech de Kaméidi am Ufluch a beim Start am Vergläich zur Boeing 737er-Flott reduzéieren. Änlech Charakteristike kann och d’Embraer mat hirer 170 bis 195er-Famill opweisen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn an der aktueller Situatioun Optioune gepréift, fir d’Luxair-Flott ze moderniséieren, un d’Besoinen unzepassen an ëmwelt-a klimatechnesch ze verbesseren? 

  2. Wär d’Regierung bereet eng Kapitalerhéijung bei Luxair matzedroen, fir d’Airline méi ëmwelt- a klimafrëndlech ze gestalten an d’Luxair materialtechnesch no hire Besoinen ze optimiséieren?

  3. Ass de Minister der Meenung, dass d’Ëmwelt- a Klimafaktore bei enger Neiausriichtung vun der Luxair musse berécksiichtegt ginn?

  4. Ass geplangt, een Deel vun der aktueller 737NG-Flott bei Luxair z’ersetzen?

  5. Goufe schonns Kontakter oder Gespréicher mat Hiersteller opgeholl, fir nei Fligeren ze bestelle fir een Deel vun der 737NG-Flott z’ersetzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2902

Zesummenhang posts

Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023