Mëndlech Fro iwwert Anti-Dumping-Reegelen an der ziviller Loftfaahrt

Am Kader vun der Froestonn vum 9te Juni 2020 huet de Marc Goergen de Mobilitéitsminister gefrot, ob eis Regierung de Wee goe wäert, fir de Low Cost Maart an der ziviller Loftfaart mat enger Anti-Dumping-Reegelung ze bremsen?

Éisträich huet an engem neie Klimapak decidéiert, keng Dumping-Flich méi ënnert engem Präis vu 40€ den Ticket zouzeloossen. Esou ass a verschiddenen éisträichesche Pressorganer ze liesen :

„Österreich wird als erstes EU Mitglied Anti-Dumping-Regelungen einführen und damit Mindestpreise für Flüge ermöglichen. Keine Flugtickets mehr um weniger als 40 Euro. Dem Raubtierkapitalismus der Billigflieger ist die rote Karte zu zeigen […]. Mit der erhöhten Flugticketgebühr für Kürzest-Strecken von bis 350 km werden sinnlose Flüge zurecht verteuert und damit die Bahn gestärkt.“ (OTS.at)

„[…] Vizekanzler Werner Kogler (Grüne) kündigte einen Mindestflugpreis von rund 40 Euro an […]. Mit diesen Anti-Dumping-Regeln schiebe man “gewissen Exzessen” und deren sozialen und ökologischen Folgen einen Riegel vor. […]“ (nachrichten.at)

„Vizekanzler Werner Kogler (Grüne) lobt, dass die Regierung federführend in Europa bei den Anti-Dumping-Regeln ist.“ (welt.de)

An deem Zesummenhang huet de Marc Goergen dem Minister gefrot, ob och eis Regierung de Wee goe wäert, fir de Low Cost Maart mat esou enger Anti-Dumping-Reegelung ze bremsen?

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt