ACCOUNT

Communiqué: Präisdeckel bei de Wärmenetzer

Hand turns the radiator thermostat to the minimum, due to rising gas prices. Concept of energy crisis and economy. Close-up.

Verschidden Haushalter hei am Land gi mat Fernwärme versuergt, fir hir Wunneng oder hiert Haus ze hëtzen. Och hei sinn d’Präisser a leschter Zäit ferm an d’Luucht gaangen. D’Regierung hat awer vergiess, ee Präisdeckel op dës Form vun Energie ze setzen. Den Energieminister hat dowéinst de Gesetzesprojet 8111 nogeluecht, mat deem d’Präisser vum Fernwärmenetz fir… Continue reading Communiqué: Präisdeckel bei de Wärmenetzer

Kontrakt tëschent der Regierung an de Pëtrolsfirmen

Et ass kee Geheimnis, dass d’Spritpräisser an deene leschte Joren ënnert dem Claude Turmes méi deier gi sinn. Dem Bierger gouf dat als reng Klimaschutzmoossnam an Entwécklung vum Marché verkaf. D’Regierung huet awer kengem erzielt, datt d’Pëtrolsfirmen (Aral, Shell, Total a Co.) an der nämmlechter Zäit erlaabt kruten, hier Brutto-Margë bäizebehalen. Zënter 2004 existéiert nämlech ee Kontrakt tëscht… Continue reading Kontrakt tëschent der Regierung an de Pëtrolsfirmen

D’Piraten wullen am Dreck vum Ëmweltministère: Dossier Superdreckskëscht

Hand with garbage against full trash cans with rubbish bags overflowing onto the pavement.

Déi gréng Ëmweltministesch huet der Chamber ee Gesetz fir de Finanzement vun der Superdreckskëscht (SDK) virgeluecht. D’Virgeschicht vun dësem Gesetzesprojet ass, dass d’Cellule scientifique vun der Chamber zum Schluss komm war, dass d’Aktioun Superdreckskëscht jorelaang illegal finanzéiert gouf, well ee speziellt Finanzéierungsgesetz gefeelt huet. D’lescht Joer hat d’Plattform reporter.lu iwwerdeems eng detailléiert Recherche zum Fonctionnement… Continue reading D’Piraten wullen am Dreck vum Ëmweltministère: Dossier Superdreckskëscht

Affär Da Costa: Ufro fir eng dréngend Sitzung vun der Ëmweltkommissioun

An engem Artikel vum 8 Juni am Lëtzebuerger Wort liest een eng Zeienausso, laut der den eemolege Chef vum Wëssenschaftler Jeff Da Costa soll an enger Reunioun gesot hunn, dass hie wéinst politeschem Drock den Här Da Costa misst entloossen an dass hien “mehrere Anrufe vom Wasserwirtschaftsamt” kritt hätt. Dofir freet eis Sensibilitéit den President… Continue reading Affär Da Costa: Ufro fir eng dréngend Sitzung vun der Ëmweltkommissioun

Nei Astellungen am Ëmweltministère

Department heads manager are shaking hands and accept to new employee in office room.

Als “Invité vun der Redaktioun” am RTL-Interview vum 12te Mee, huet d’Madamm Ministesch bestätegt, neit Personal agestallt ze hunn, dat si bei hirer Aarbecht am kommende Joer am Ëmweltministère soll ënnerstëtzen.   An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Persoune goufen zousätzlech agestallt? Wéi laang huet d’Astellungsprozedur am kierzeste Fall… Continue reading Nei Astellungen am Ëmweltministère

Communiqué: Weltwäit gratis Online-Offer fir Lëtzebuergesch

De 16ten Dezember haten d’Piraten hir éischt Gesetzespropos an d’Plénière vun der Chamber bruecht. Et goung hei drëms, d’Recouvrementsprozdur fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit réckwierkend op 2018 kréien ze kënnen, bis 2028 ze verlängeren. Donieft gouf och eng Motioun deposéiert, déi gefuerdert huet, dass deene Persounen, déi d’Recouvrementsprozedur erfollegräich ofgeschloss hunn, eng gratis Offer fir online Sproochen-… Continue reading Communiqué: Weltwäit gratis Online-Offer fir Lëtzebuergesch

Evaluatioun vu Gesetzesprojeten ob d’Staatsziler

Context:Dossier parlementaire n°7755 – Proposition de révision du chapitre III de la Constitution D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: dass haut mam Dossier parlementaire n°7755 déi drëtt Revisioun zur Verfassung an der Chamber gestëmmt gëtt; dass mat der “Section 4. – Des objectifs à valeur constitutionnelle” Staatsziler an d’Verfassung encadréiert ginn; dass dës Staatsziler als… Continue reading Evaluatioun vu Gesetzesprojeten ob d’Staatsziler

Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Februar 2022

Ahoi léiw Memberen, et ass nees Zäit fir den Newsletter! Aktuelles: Am aschneidenste war dëse Mount sécher de brutale russeschen Ugrëff vun der Ukrain, deen eis alleguer schockéiert huet an natierlech och an der Chamber en Thema war. Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren… Continue reading Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Februar 2022

E bësse méi an d’Rampenlicht: eis Ännerungsvirschléi fir méi transparent Gemengen

Blue spotlight isolated on black background in technology concept, illustration.

D’Piraten ganz konstruktiv e puer Ännerungsvirschléi zum Gesetzesprojet 7514 an der Chamber agereecht. An dësem Projet gëtt u verschiddenen Ännerungen vum Gemengegesetz geschafft. Fir eis Piraten sollte verschidden Aktivitéiten am Gemengerot méi oppen an transparent ginn. Dofir proposéiere mir éischtens eng méi strikt Prozedur fir de Gebrauch vum zouenene Sitzungen (Huis Clos). Da wëlle mir… Continue reading E bësse méi an d’Rampenlicht: eis Ännerungsvirschléi fir méi transparent Gemengen

Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Januar 2022

Ahoi léiw Memberen, et ass nees Zäit fir den Newsletter! Aktuelles: Wat ass an der Chamber esou am Januar geschitt? Déi meeschten Opmierksamkeet krut dëse Mount sécher de Vott vun engem neie Kapitel vun der Verfassungsreform: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Actualite/ALaUne/?current=true&urile=wcm%3Apath%3Aactualite.public.chd.lu/ST-www.chd.lu/sa-actualites/2f35b5fb-7a4e-4e72-9c43-7562617203c0 an d’Debat iwwert eng Impfflicht an der Chamber: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Actualite/ALaUne/?current=true&urile=wcm%3Apath%3Aactualite.public.chd.lu/ST-www.chd.lu/sa-actualites/7b8354ff-e1cc-477e-be18-e56417df63b1 Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn… Continue reading Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Januar 2022