Context: Elektromobilitéit
D’Deputéiertechamber stellt fest:
- dass den europäesche Klima- an Energiepak fir 2020 an den europäesche klima- an energiepolitesche Kader fir 2030 virgesinn, den Energieverbrauch an de Memberstaaten ze senken.
- dass d’Regierung eegenen Aussoen no, eng ambitiéis, innovativ a sozial gerecht Klimapolitik bedreiwe well.
- dass d’Regierung sech zum Ziel gesat huet, bis 2030 d’Emissiounen un Dreifhausgasen em 55% ze reduzéieren.
- dass d’Majoritéit vun der zu Lëtzebuerg verbrauchten Energie ëmmer nach duerch Kärkraaft, Kuel a Gas gewonne gëtt.
- dass sech bei enger Primm, wéi der “Clever fueren”-Primm, bei där Persoune mat héijem Akommes genee esou vill Suen zoustinn, wéi Persoune mat geréngem Akommes, ëmmer d’Fro vun der sozialer Gerechtegkeet stellt, well sozial Ënnerscheeder esou net reduzéiert ginn.
- dass eng Primm, wéi d’ “clever fueren”-Primm dozou bäidroe kann, sozial Ënnerscheeder ze verfestegen an am schlëmmste Fall auszebauen, well Persounen, déi net genuch Suen hunn, fir sech en neien Auto ze leeschten, och net vun der staatlecher Primm profitéiere kennen, wärend déi Persounen, déi genuch Suen hätten, fir sech och ouni Primm en neien Auto ze kafen, trotzdeem zousätzlech vun der Primm profitéiere kennen, an esou schlussendlech finanziell par Rapport zu den ënneschten Akommesschichten nach emol besser gestallt sinn, wéi virdrun schonns.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:
- nom Auslafe vun der “clever fueren”-Initiative den 31.03.2021 eng nei sozial gerecht Primm fir nohalteg Mobilitéit an d’Liewen ze ruffen, déi no soziale Krittäre gestaffelt ass a fir Elektroautoen a -camionnettë just bei engem Nettokafpreis ënnert 75.000 € ugefrot ka ginn.