Chronesch-kritesch krank Patiente brauche 24h op 24h a 7 Deeg op 7 en Encadrement, dat hire spezifesch Besoine gerecht gëtt. Patiente mat chronesch-obstruktive Longenerkrankungen, amyotropher Lateralsklerose (ALS) oder anere schwéieren neurologeschen Erkrankunge brauchen, genee ewéi och Patienten, déi vum Locked-In-Syndrom betraff oder an engem Wachkoma sinn, eng spezifesch Prise en Charge, déi just duerch eng 1-zu-1-Betreiung kann assuréiert ginn, an déi am aktuelle Gesondheetssystem leider net garantéiert ass.
Fleegeheemer si personell oft net esou opgestallt, dass eng 1-zu-1-Betreiung Dag an Nuecht méiglech ass, a verfügen a ville Fäll net iwwert e spezifescht genucht Wëssen iwwert d’Fleeg vu Patiente mat seelene Krankheeten. Gläichzäiteg kënnen d’Famille vun de Patienten, déi sech gemeinsam mat privat engagéiertem Fleegepersonal der Aufgab vun der Fleeg gäre géifen unhuelen, dëst oft net finanzéieren, well d’Fleegeversécherung maximal 55 Stonnen pro Woch en charge hëlt (38 Stonnen am Beräich vun den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen, 3 Stonne fir Hausaarbecht a 14 Stonne fir ënnerstëtzend Aktivitéiten) an awer 168 Stonne gebraucht ginn. Dobäi kennt dann nach de Problem, dass d’Spideeler an d’medezinesch Cabineten net un d’Besoine vu chronesch-kritesch kranke Mënschen ugepasst sinn. E Besuch an der Mammographie oder och just eng Visitt beim Aen- oder Zänndokter gëtt esou fir Mënschen, déi beweegungsonfäeg sinn a beotemt musse ginn, oft zu enger Onméiglechkeet.
Krank Mënschen hunn e Recht op medezinesch Versuergung an hunn genee esou wéi gesond Leit e Recht drop fräi wielen ze kënnen, wou a wéi si hiert Liewen an Dignitéit verbrénge wëllen.
An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Premierminister an de Ministeren fir Gesondheet, Sozialversécherung an Integratioun dës Froe gestallt:
- Denkt de Minister fir Sozialversécherung, dass d’Fleegeminutten, déi chronesch-kritesch kranke Persounen aktuell zoustinn, eropgesat misste ginn? Falls jo, wéi héich a bis wéini ? Falls nee, wisou net?
- Huet de Gesondheetsminister vir, an Zukunft d’Barrièrefräiheet an de Spideeler a Cabineten ze fërderen, fir dass och Patienten, déi op eng intensiv Fleeg ugewise sinn, ëmfaassend medezinesch versuergt kënne ginn?
- Wéi wëll d’Familljen- an Integratiounsministesch an Zukunft mat neie Mesurë Mënschen ënnerstëtzen, déi sech dofir entscheede Persoune bei sech doheem ze fleegen? Ëm wéi eng Mesuren handelt et sech heibäi?
- An engem oppene Bréif vum 3. Oktober 2019 huet d’ASBL “Wäertvollt Liewen” de Premierminister iwwert déi aktuell Problemer am Zesummenhang mat der Fleeg vu chronesch-kritesch kranke Persounen opmierksam gemaach. Huet de Premier dëse Bréif perséinlech gelies? Falls jo, wéi eng Konsequenzen zitt de Minister aus den Duerstellungen aus dësem Bréif?
- Wéi vill Persoune sinn zu Lëtzebuerg chronesch-kritesch krank?