Wéi ass d’Roll vum Partner vu Regierungsmemberen zu Lëtzebuerg gereegelt?

De 24te Januar 2020 huet de Sonnerbeoptraagte vum Premierminister säi Rapport iwwert de groussherzoglechen Haff deposéiert. Am Rapport gouf nieft der Finanzgestioun nämlech och d’Organisatioun vum Haff an dorënner d‘Roll vun der d‘Grande-Duchesse ënnert d’Lupp geholl. Hei schreift de Rapporteur:

(1)„[…] le rôle de la Grande-Duchesse qui exerce une fonction purement représentative ne devrait pas être un sujet de discussion.“ (Säit 30)

(2)„Notre Constitution ne prévoit pas de fonctions officielles pour l’épouse du Grand-Duc. Dès lors, c’est le Grand-Duc, Chef de l’Etat, qui devrait seul figurer dans l’organigramme de la Cour.“  (Säit 32 vum Rapport)

D’Fro vun der Roll vum Partner vum Grand-Duc ass allerdéngs net nëmme beim groussherzoglechen Haff vun Interessi, mee generell bei alle Partnere vu staatleche Volléksvertrieder. Den Deontologieskodex vun der Regierung gesäit zum Beispill keng Reegele fir de Partner vun engem Minister vir, wann dësen de Minister an offizieller Missioun – zum Beispill op Auslandsreesen – begleet.

An deem Zesummenhang hu mir dem Premierminister dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass d’Roll vum Partner vu Regierungsmemberen zu Lëtzebuerg gereegelt?
  2. Am Fall wou Regierungsmemberen hire Partner op eng offiziell Rees mathuelen, wien bezilt d’Käschten, déi op dëser Rees fir dës Persoun ufalen (zum Beispill den Hotel, Restauranten, etc.)? Wéi eng Reegele gëlle generell fir d’Partner vu Regierungsmembere bei offizielle Reesen?
  3. Falls keng offiziell Reegelen iwwer d’Roll vum Partner existéieren, ass de Premierminister der Opfaassung, dass d’Opstelle vun engem normative Kader zu méi Kloerheet an Transparenz bäidroe géif? Wäert d’Regierung heizou eppes ausschaffen a falls jo, bis wéini?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene