Aktuell Situatioun an den Alters–a Fleegeheemer

Mir goufe vun e puer Persoune kontaktéiert, deenen hier Familljememberen an enger Fleegestruktur hei am Land ënnerbruecht sinn. Dës Leit hu mir zougedroen, dass hier Mammen, Pappen – respektiv hier Groussmammen a Grousspappen – konkret Symptomer vu COVID-19 gewisen hunn, mee, dass vu Säite vun de Fleegestrukture keng Demarchen ënnerholl gi sinn, fir déi betraffe Läit an ee Spidol ze schécken. 

(more…)

Besser Konditioune fir Persounen déi 24h pro Dag intensiv Fleeg brauchen?

Chronesch-kritesch krank Patiente brauche 24h op 24h a 7 Deeg op 7 en Encadrement, dat hire spezifesch Besoine gerecht gëtt. Patiente mat chronesch-obstruktive Longenerkrankungen, amyotropher Lateralsklerose (ALS) oder anere schwéieren neurologeschen Erkrankunge brauchen, genee ewéi och Patienten, déi vum Locked-In-Syndrom betraff oder an engem Wachkoma sinn, eng spezifesch Prise en Read more…