Kanner mat spezifesche Besoinen – Feelt et zu Lëtzebuerg u Schoulplazen a passende Strukturen?

Fir ze garantéieren, datt d’Kanner an d’Schoul kenne goen, egal wéi wäit hier Schoul vun hirem Doheem ewech ass, gëtt zu Lëtzebuerg vun ëffentlecher Säit aus e Mobilitéitsservice offréiert. Am Reegelschoulberäich ass et esou, datt de Staat just fir Schoulen um lëtzebuergeschen Territoire e Busservice ubitt. Well awer eng gewëssen Unzuel u Kanner mat spezifesche Besoinen am Ausland beschoult gëtt, fueren e puer Busser och all Mueren iwwert d’Landesgrenzen eraus.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement de Ministeren fir Bildung an Transport dës Froe gestallt:

  • Wéi vill Schoulen am Ausland gi vu Kanner mat besonnesche Besoinen, déi zu Lëtzebuerg ugemellt si, besicht? Em wéi vill Kanner handelt et sech hei?
  • Wat sinn d’Grënn dofir, datt dës Kanner Strukturen am Ausland besiche mussen? Feelt et an de lëtzebuergesche Strukturen u Schoulplaze fir des Kanner oder feelt et u passende Strukturen?
  • Wéi vill Allez-Retouren, déi iwwert d’Landesgrenzen eraus ginn, gi pro Woch vum Schoulbusservice gefuer? Wéi vill Kilometer erginn sech esou an absolutten Termen an am Terme vu Passagéierkilometer?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt