Reduzeierung vum ëffentlechen Transport – Nofro

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir weiderzeleeden.

An der Äntwert op meng Parlamentaresch Fro n°2917, hunn ech de Minister iwwert d’Ännerungen um RGTR-Netz befrot. De Minister huet a senger Äntwert uginn dass et nëmme bei enger eenzeger Buslinn, zu enger Reduzéierung vun de Frequenze komm ass.
  1. Ass d’Linn 192 (Bous- Weiler-la-Tour – Luxembourg) déi eenzeg, bei der d’Frequenz erofgesat gouf?
    Bei wéi ville Buslinne gouf d’Frequenz vun den Trajete reduzéiert?
  2. Wéi vill Buslinne fueren elo manner Arrêten un ewéi virum 13ten September?

Fro n°3187

Verlaaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt