Keng Pestiziden, keng Antibiotiken, keng OGMen – en neit Label fir d’Landwirtschaft?

Bei ville Fleechproduiten, déi net explizit e Biolabel droen, ass et de Consommateuren net méiglech nozevollzéien, wéi d’Déiere gehalen a gefiddert gi sinn. Esou kommen ëmmer nach vill Produiten op de Marché, déi vun Déiere kommen, déi Antibiotikatraitementer, engem Fudder mat héijem Pestizidgehalt an/oder enger Fidderung mat OGM-Produiten ausgesat waren, ouni, dass dëst de Consommateuren däitlech vermëttelt gëtt. Och a grad virum Hannergrond vun der Méiglechkeet vun neie Fräihandelsaccorden entscheeden sech ëmmer méi Länner zu der Aféierung vun neie Labelen. A Frankräich, Däitschland, Éisträich, Südtiroul, Ungarn a Bosnien-Herzegowina ginn et esou bspw. scho Reglementatiounen, déi eng spezifesch Kennzeechnung vun Déierefudder ouni Komponenten aus OGMen a Liewensmëttel, déi vun Déiere kommen, déi ouni OGMe gefiddert goufen, erméiglechen. Ähnlech sinn eenzel Label fir eng antibiotikafräi Opzuucht an eng Fidderung ouni Pestizidbelaaschtung denkbar. Zu Lëtzebuerg ginn et aktuell awer nach keng esou Kennzeechnungen.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Landwirtschaftsminister dës Froe gestallt:

  • Wäert sech d’Regierung, virum Hannergrond, dass sech am Fleesch vun Déieren, déi mat schuedstoffbelaaschte Fuddermëttel ernäert goufen, Réckstänn vu Gëfter fanne loossen, an Zukunft fir en offiziellt Label asetzen, fir Produiten ouni Pestizidbelaaschtung kloer ze kennzeechnen?
  • Ass d’Regierung der Meenung, dass et wichteg wär, och zu Lëtzebuerg ee Label fir Produite vun Deieren, déi ouni OGM-Fuddermëttel ernäert goufen, anzeféieren?
  • Gedenkt d’Regierung, wëssend, dass d’Consommatioun vu Fleesch, dat vun Déiere kënnt, déi Antibiotikatraitementer ausgesat waren, mat zu der Bildung vun Antibiotikaresistenze bäidréit, an Zukunft Fleesch aus antibiotikafräien Opzuuchten mat engem offizielle Label ze kennzeechnen?

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam