Feelt engem Hond oder enger Katz e Stéck vum Schwanz, ass et Déiereschutzorganisatiounen opgrond vun der aktueller Gesetzeslag oft net méiglech dës Déieren an eng Famill ze vermëttelen. Mir wollten vun der Regierung wëssen, ob een d’Aarbecht vun Déiereschutzorganisatiounen an dësem Beräich net besser ënnerstëtzen kéint.
Den Artikel 11 vum lëtzebuergeschen Déiereschutzgesetz hält zesumme mam Reglement grand-ducal vum 6 November 2018 test, dass et verbueden ass en Hond ze besetzen oder ze verkafen, deen eng Amputatioun erlidden
huet, déi veterinärmedezinesch net noutwenneg war an net ob eng Kastratioun oder eng Sterilisatioun zeréckgeet. Esou ass et zu Lëtzebuerg säit 2018 also net méi erlaabt en Hond ze besetzen, deem opgrond vu vermeintleche Schéinheetsidealer de Schwanz amputéiert gouf. Obwuel dëst Gesetz eng wichteg Mesure ass, fir d’Verstümmelung vu Rassenhënn ze ënnerbannen, setzt et Associatiounen, wéi z.B. Pets Angels Luxembourg, déi sech em vernoléissegt Déieren am Ausland an zu Lëtzebuerg këmmeren,’ virun e grousse Problem.
Duerch dat néit Gesetz ass et Déiereschutzorganisatiounen oft nämlech net méi méiglech, amputéierten Déieren en neit Doheem ze schenken, well d’Associatiounen a ville Fäll net noweise kennen, wéi et zu der Amputatioun koum – bspw. duerch en Accident, eng ugebuere Malformatioun oder eben e mënschlecht Agräifen -, an d’Déieren dofir net weider vermëttelen däerfen.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
- Wéi a wéi oft gëtt d’Ëmsetzung vum Artikel 11 vum Déiereschutzgesetz zu Lëtzebuerg kontrolléiert?
- Wéi a wéi oft gëtt spezifesch kontrolléiert, dass Léit keng amputéiert Hënn halen?
- Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Déiereschutzgesetz an de Reglement vum 6 November 2018 ënnert hirer aktueller Form Déiereschutzorganisatiounen an hirer Aarbecht aschränken?
- Gedenkt d’Regierung – villäicht iwwert de Wee vu staatlech ausgestallten a kontrolléierte Lizenzen – bestëmmten Associatiounen, déi sech fir d’Wuel vu vernoléissegten Déiren asetzen, eng Erlaabnis ze erdeelen, fir amputéiert Hënn oder Katzen aus dem Ausland an dem Inland zu Lëtzebuerg vermëttelen ze kennen?
Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député