Keng Läschhelikopteren zu Lëtzebuerg?

An anere Länner gi bei gréissere Bëschbränn Läschhelikoptere bäigezu fir d’Flamen ze bekämpfen. Net awer zu Lëtzebuerg. Mir wëlle vun der Regierung wëssen, ob si Pläng huet fir esou Helikopteren zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Hei eis Fro:

Wéi d’Presse an der Suite vun de Flächebränn vun de läschten Deeg rapportéiert, gouf et eng Ufro vun der Air-Rescue fir datt de Staat d’Formatioun vun hire Piloten géif finanzéieren fir am Fall vu Bränn, a Loftrettungen kënnen de CGDIS logistesch a materiell z’ënnerstëtzen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Op wéi vill beleeft sech pro Pilot d’Formatioun fir mam sougenannten “Baby-Bucket” mussen ëmzegoen?
  2. Wéi vill Piloten missten d’Ausbildung duerchlaafen fir an engem 24h-Schichtbetrieb am Asaz disponibel ze sinn fir de sougenannte “Baby-Bucket” disponibel ze halen?
  3. Wéi vill kascht d’Formatioun pro Pilot fir déi néideg Zertifikatioun fir Loftrettung z’absolvéieren?
  4. Wéi vill Piloten missten d’Ausbildung duerchlaafen fir an engem 24h-Schichtbetrieb am Asaz disponibel ze sinn fir Loftrettung duerchzeféieren?
  5. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung datt de Babybucket an Kapazitéiten vun der Loftrettung eng plus-value fir de CGDIS géifen duerstellen?
  6. Huet d’Regierung aner Pisten, wéi z.B. d’Notzung vu Police- oder Militärhelikopteren an hire Piloten, evaluéiert?
    • Wa jo, wat sinn d’Schlëss aus dëser Evaluatioun?
    • Wann nee, denkt d’Regierung dëst wier eng Opportunitéit déi gepréift misst ginn?
  7. Ongeféier an als Fourschette, op wéi vill géif sech an der Hypothese de Käschtefacteur belafen wann de Babybucket oder Loftrettung vun enger privater Gesellschaft operéiert géif ginn? An op wéi vill wann dëst duerch staatlech Institutiounen direkt gemaach géif ginn?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt