Zënsen bei CCSS, AED an ACD?

Am Prinzip musse Scholden vu Biergerinnen a Bierger vis-à-vis vum Staat oder ëffentlechen Instanzen direkt an ouni weider Opfuerderung bezuelt ginn.

Dëst ass natierlech leider net ëmmer de Fall an am Fall vun engem Retard beim Bezuelen ginn Scholdzënse fälleg respektiv eventuell souguer Amenden.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ginn ënnerschiddlech Zënssätz bei CCSS, AED an ACD agesat oder net?
  2. Wéi hunn sech déi ënnerschiddlech Zënssätz an deene läschten 10 Joer entwéckelt, souwuel als nominalen wéi och als effektiven Joreszënssaz?
  3. Fir déi selwescht Period, wéi huet sech den Basiszënssaz vun der EZB entwéckelt?
  4. Opgeschlësselt no Bénéficiaire, wéi vill Geld gouf pro Joer (fir déi läscht 10 Joer) duerch Zënsen opgrond vu Retarden bei der ACD, AED an CCSS ageholl?
  5. Wéi vill Amenden goufen, opgedeelt no Administratioun, vun der ACD an AED wéinst feelenden Ënnerlagen (« Non-Dépot ») pro Joer fir déi läscht 10 Joer ausgeschwat?
  6. Wéi vill Geld, rem opgedeelt no Administratioun, hunn ACD an AED duerch déi virgenannten Amenden an der selweschter Period ageholl?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt