Keng privat Sécherheetsdéngschter fir d’Policeaarbecht!

Communiqué

Privat Sécherheetsfirme solle vun Dezember 2020 bis Januar 2021 an der Uewerstad an op der Stater Gare mat Hënn patrulléieren an esou d’Police bei hirer Aarbecht “ënnerstëtzen”. D’Pirate gesinn an dëser Mesure eng staatlech Kapitulatioun virun den Erausfuerderungen um Terrain, déi drop zeréck ze feieren ass, dass säit Joren net genuch an d’Police investéiert gouf, fir déi finanziell a personell Ressourcen un déi existéierend Besoinen unzepassen. Aplaz de staatleche Gewaltmonopol opzeweechen duerch den Asaz vu private Sécherheetsentreprisen, misst dréngend an den Ausbau vun den Ausbildungsméiglechkeete fir zukünfteg Polizisten investéiert ginn. 

De Quartier vun der Stater Gare ass dofir bekannt, dass de Konsum an de Verkaf vun Drogen an dëser Géigend leider keng Seelenheet ass. D’Police soll dofir an hirer Aarbecht an de kommenden zwee Méint vu private Sécherheetsfirmen ënnerstëtzt ginn, well d’Politik verpasst huet, frei genuch an d’Ausbildungsméiglechkeete fir zukünfteg Polizisten ze investéieren.

Persounen aus der Privatwirtschaft, déi weder iwwert déi selwecht Ausbildung wéi Poliziste verfügen, nach strenge Selektiounskrittäre bei hirer Astellung ënnerlouchen, wäerte mat Hënn an de Stater Stroosse patrulléieren. Dat ass en éischten an inakzeptabel Schrëtt an d’Richtung vun enger Privatiséierung vun der Police an ass – no de rezenten Entwécklungen am Beräich vun der Educatioun – leider nees e weidere Versuch, Aufgaben, déi traditionell an de Kompetenzberäich vu Staatsbeamte gefall sinn, un d’Privatwirtschaft ofzeginn.

A kengster Weis ënnerstëtzen d’Piraten d’Entscheedung, privat Sécherheetsdéngschter anzesetzen, fir géint d’Drogekriminalitéit virzegoen. Wann een d’Bierger effektiv viru Gewalt- a Muechtmëssbräich schütze well, ass et inakzeptabel Persounen, déi keng klassesch Policeausbildung an déi domat verbonnen Eegnungstester absolvéiert hunn, mat Hënn duerch d’Stroosse lafen ze loossen.

Wann ee géint d’Drogekriminalitéit repressiv virgoe wëll, da muss een zumindest sécher stellen, dass d’Léit um Terrain richteg forméiert goufen. D’Pirate wëllen an deem Kontext awer och ze bedenke ginn, dass an eisen Aen eng verstäerkte Policepresenz am Kontext vun der Consomatioun an dem Verkaf vun illegale Substanzen zwar zu enger lokaler Verbesserung vun der Situatioun féiere kann, awer den drogekranke Mënschen net hëllefe wäert. De Verkaf vun den Droge wäert sech duerch esou Mesurë just op aner Plaze verlageren. Repressiv Mesurë mussen dofir ëmmer och vu präventive Moossnamen an enger Ausweidung vun der Offer un Hëllefsstellunge fir drogenofhängeg Persoune begleet ginn.

Fir der geplangter Privatiséierungsmoossnam vun de Policeaufgaben entgéint ze wierken, hunn d’Piraten-Deputéierte Marc Goergen a Sven Clement sech schonn an enger dréngender parlamentarescher Fro un de Minister fir bannenzeg Sécherheet gewend an eng Kommissiounssëtzung ugefrot.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an